Cyclissem-Championnat: No der Victoire am ZäitfuerenChristine Majerus gewënnt och an der Course en Ligne

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg de Mëtteg goungen déi national Meeschterschaften am Cyclissem weider. Hei konnt d'Christine Majerus hiren Titel virum Claire Faber verdeedegen.
VIDEO: Christine Majerus wënnt Championstitel op der Strooss
No der Victoire am Zäitfueren huet d’Christine Majerus sech e Samschdeg och an der Course en ligne duerchgesat.

Bei den Damme goung den Titel vun der Lëtzebuerger Championne déi 10. Kéier hannereneen un d’Christine Majerus. Si konnt sech am 5. Tour mat dem Claire Faber ofsetzen an op de leschte Kilometeren den Titel kloermaachen. Bei den Espoire war d’Victoire fir d’Claire Faber, bei den Debutante fir d’Marie Schreiber a bei de Juniorinne fir d’Nina Berton.

D’Lëtzbuerger Championne an der Course en Ligne um RTL Mirko

Bei den Häre Masters konnt sech de Jean Vanek den Titel sécheren.

Um Samschdeg gouf decidéiert, datt all d’Kategorien, bis op d’Masters, d’Tier um Circuit gekierzt géife kréien - dëst wéinst de waarme Wiederkonditiounen.

LINK: Cyclissem - Championnat am Zäitfueren: Bob Jungels a Christine Majerus nees ganz uewen um Podium

Dammen

16 Damme gounge bei den Dammen e Samschdeg insgesamt op den 9,5 Kilometer laange Circuit, dee wéinst de Wiederkonditioune jo vun 10 op 8 Ronne gekierzt gouf. Un der Spëtzt war laang ee Quintett ronderëm d’Christine Majerus ënnerwee; do hannendrun huet d’Chantal Hoffmann mat zwou weidere Cyclistinnen ëm den Uschloss gekämpft.

Der Lëtzebuerger Championne ass et du gelongen, sech mat der Claire Faber am 5. Tour ofzesetzen an eng gréisser Avance erauszefueren. Béid Cyclistinne sollten d’Victoire ënnert sech ausmaachen an an deene leschten Tier eleng ëm de Championstitel fueren.

Beim leschte Passage ware béid nach zesummen, esou ass d’Entscheedung ëm den Titel op de leschte Kilometere gefall. Hei huet sech d’Dominanz vum Christine Majerus ëmmer méi erausgeschielt, soudatt déi aktuell Championne der nach jonker Claire Faber eng Minutt op dem leschte Kilometer ofhuelen an hiren Titel verdeedege konnt. D’Claire Faber ass no dëser gudder Leeschtung als bescht Espoire an als Zweetplacéiert bei der Elite iwwer d’Ligne d’Arrivée gefuer.

Elite an Espoiren (76km / 8x9,5km)

1. Christine Majerus (Zéisseng)
2. Claire Faber (Zéisseng) 00:57
3. Chantal Hoffmann (Dippech) 11:49

Debutanten (47,5km / 5x9,5km)

1. Marie Schreiber (Atertdaul)
2. Liv Wenzel (Atertdaul) 04:24
3. Lena Carier (Schëffleng) 17:26

Juniorinnen (57km / 6x9,5km)

1. Nina Berton (Atertdaul)
2. Lis Nothum (Munneref) 05:42
3. Maïté Barthels (Schëffleng) 18:57

D'Cyclistinne ware bei waarme Wiederkonditioune kierperlech gefuerdert.
D’Cyclistinne ware bei waarme Wiederkonditioune kierperlech gefuerdert.
© Jana Peters

Hären

Masters (85km / 9x9,5km)

1. Jean Vanek (Téiteng)
2. Serge Bertemes (Schëtter)
3. Pascal Maquet (Esch)

Debutanten (57km / 6x9,5km)

1. Charel Dax (Bartreng)
2. Alexandre Kess (Keel)
3. Noé Ury (Atertdaul)

© Domingos Oliveira

De Programm vum Sonndeg, den 30. Juni 2019

9.00 Auer Junioren (119,4km / 6x19,9km)

12.10 Auer Minimmen (24,60km / 6x4,1km)

13.15 Auer Elites (174,1km, dovunner 75,10km en ligne a 5x19,9km)

13.20 Auer Cadets (36,90km / 9x4,1km)

Back to Top
CIM LOGO