De Summer musikalesch ofschléissenGewannt Tickete fir den Ultraschall Festival 2026!

RTL Lëtzebuerg
Nom Succès vun der éischter Editioun kënnt den Ultraschall Festival e Samschdeg, de 5. September 2026, nees zeréck an den Amphitheater op de Kierchbierg. Vun 15:30 bis 23:59 Auer erwaart Iech en Dag voller elektronescher Musek, Festival-Stëmmung a villen aneren Highlights.
© Ultraschall

Um Line-up stinn dëst Joer d'Artiste Samm, NOSI, Juno, Shania, Iza an E[NV]Y. Nieft der gudder Musek huet de Festival awer nach vill méi ze bidden: E 20 Meter breet Skyliner Zelt an en zougänglechen DJ-Booth suerge fir déi passend Festival-Kuliss.

© Ultraschall Line-Up

Donieft kënnt Dir ausgewielte Wäiner a Cocktaile vum Wengler genéissen, d'Artcorner entdecken oder eppes bei der Jägermeister-Bar drénken. Fir den Honger ze stëllen ass de LëtzeBurger Food Village sur place, an an der Devï Chillout Area kënnt Dir zwëschenduerch eng Paus maachen an d'Atmosphär genéissen.

An och nom Festival ass den Owend nach net eriwwer: Ab 23:00 Auer geet et mat der offizieller Afterparty am Melusina weider.

Wichteg: De Festival ass eréischt ab 18 Joer.

Fir weider Informatiounen: Ultraschall Festival 2026 | Ultraschall Collective

Maacht mat a gewannt eng Koppel Ticketen!

Dir wëllt beim Ultraschall Festival 2026 dobäi sinn an de Summer mat engem leschte Festival-Highlight ofschléissen? Da beäntwert einfach eis 2 Froe richteg a séchert Iech d'Chance op eng Koppel Ticketen.

Vill Gléck!

Back to Top
CIM LOGO