
E fantastescht Abenteuer oder léiwer e Film, deen Iech d'Blutt an den Oderen afréiere léisst?
Dir hutt de Choix!
Sicht Iech dee Film eraus, deen Dir gäre kucke wëllt goen: Forgotten Island oder Other Mommy? Mat e bësse Chance gewannt Dir Tickete fir dee Film deen Dir erausgesicht hutt.
D’Tickete si sou laang gëlteg wéi d’Filmer am Kino lafen.
Forgotten Island
Déi zwou bescht Frëndinnen Jo a Raissa geroden duerch e mysteriéist Portal op eng magesch Insel voller aussergewéinlecher Kreaturen. Mee fir erëm heemzekommen, riskéiere si, all hir gemeinsam Erënnerungen ze verléieren. E spannend Abenteuer, bei där eng Frëndschaft op d'Prouf gestallt gëtt!
Other Mommy (ab 16 Joer +)
Dat aacht Joer aalt Bela begéint engem onheemleche Wiesen, dat genee ausgesäit wéi seng Mamm. Wat ufanks wéi eng komesch Begéignung ausgesäit, gëtt séier zu engem richtegen Cauchemar.
