Digital Souveränitéit war Thema an der Chamber"Teams"-Programm an de Schoule wërft Froen op

Monica Camposeo
Lëtzebuerg brauch eng besser digital Souveränitéit. Dëse Sujet ass e Mëttwoch an der Chamber diskutéiert ginn, op Ufro vum LSAP-Deputéierte Ben Polidori.
Kéint Microsoft Teams an de Schoulen net vum Chat-Service vun der Regierung ersat ginn?
© GDX/CFOTO via AFP

De Manktem un Alternative bei ganz villen digitale Servicer suergt dofir, dass bei technesche Pannen oder Cyberattacke grav Konsequenzen ze erwaarde sinn. Duerch d'Ofhängegkeet vun esou Servicer wieren d'Biergerinnen an d'Bierger deem ausgesat. Open Source wier eng méiglech Léisung. Dës Software si méi transparent, well den originale Code ëffentlech accessibel ass. Doranner ware sech d'Deputéiert wärend der Diskussioun en Gros eens.

D'Datesouveränitéit behale mir, andeems mir d'Kontroll behalen, esou d'Ministesch fir d'Digitaliséierung Stéphanie Obertin an hirer Ried géintiwwer den Deputéierten. De Prinzip vum "Once Only" wier dobäi en zentrale Schrëtt. Dëse Prinzip gesäit vir, dass eng Persoun d'Dokumenter just eng Kéier dem Staat muss zoukomme loossen, amplaz zum Beispill un ënnerschiddlech Ministèren déi nämmlecht Fichieren ze schécken. Open-Source-Léisunge géinge schonn a ville Beräicher beim Staat agesat ginn, esou nach d'Ministesch, notamment mat Servicer fir d'Kommunikatioun wéi LuxChat4Gov oder dem Reseau fir Facturen un de Staat ze stelle mam Numm Peppol. 65.000 Konte ginn et op LuxChat4Gov, esou d'Ministesch, 8.000 dovunner wieren an de Gemengen.

Wisou den Chat-Service vun der Regierung dann net och vun den Enseignante benotzt gëtt, huet de Piraten-Deputéierte Sven Clement gefrot.

De Sven Clement iwwer Teams am Klassesall

Him wier zougedroe ginn, dass am Teams all Enseignant oder Schüler alleguerten d'Nimm esou wéi d'Klasse vun anere Schüler oder Proffe kéint gesinn. Teams gehéiert jo zu Microsoft, enger US-amerikanescher Firma. Op d'Fro vum Deputéierte Sven Clement huet d'Ministesch fir d'Digitaliséierung net direkt geäntwert. Et kéint ee just déi ënnerschiddlech Methoden zur Verfügung stellen, mee et wéilt een de Leit ëmmer nach d'Wiel loossen, wat si wëllen notzen. Doriwwer eraus géing an de Klassen awer och duerch Coding oder Cybersécherheet op dës Themen opmierksam gemaach ginn, esou dass d'Schülerinnen an d'Schüler d'Alternative kenneléieren, esou d'Ministesch nach.

Sécherheet, Onofhängegkeet a Vertraue musse längerfristeg garantéiert kënne ginn, sot d'Ministesch fir Digitalisatioun Stéphanie Obertin méi allgemeng zu der Fro vun der digitaler Souveränitéit hei am Land. De Wirtschaftsminister Lex Delles huet Hëllefsmesurë widderholl, mat deenen d'Entreprisen och kënnen ënnerstëtzt ginn, fir souwuel Cybersécherheet ze garantéieren awer och fir méiglechst onofhängeg ze bleiwen. D'Regierung wier sech bewosst, dass déi digital Souveränitéit eng permanent Erausfuerderung ass.

Back to Top
CIM LOGO