D'Nouvelle, datt Xylella fastidiosa, och Feierbakterie genannt, eng éischt Kéier hei am Land u Riefstäck fonnt gouf, suergt fir Opreegung. Et sinn dräi vun am ganzen 140 Prouwen, déi positiv ausgeschloen hunn. Déi sougenannt Feierbakterie huet an der Vergaangenheet scho fir grousse Schued un der Natur gesuergt, esou zum Beispill a Südeuropa. Awer bis elo ni an eise Géigenden, wéi d'Monique Faber, Chef de service bei der ASTA erkläert.
"Direkt elo op der Plaz hu mer elo nach keng Explikatioun, wéi se an d'Land komm ass. Dat ass eng vun de Froen, där mer wäerte probéieren, nozegoen unhand vum geneetesche Material vun där Bakterie, déi mer hei fannen. Ze kucken, ob et déi schonn anzwousch och genee esou an Europa gëtt, fir eventuell de Wee kënnen zréckzeverfollegen. Mä dat wäert eppes sinn, wat relativ schwéier ze maachen ass. Mir huelen un, datt eis Zykaden hei, déi heirëmmer lafen, eventuell dat op enger mediterraner Planz, déi d'Leit vläicht doheem am Gaart hunn, e klengen Oliwebeemchen oder sou eppes, deen net propper war, datt se et vläicht do opgeraf hunn."
Un der Sauer, vis-à-vis vu Miesenech, steet ee vu de betraffene Wéngerten. Hei wäert net just déi ganz Parzell missen erausgerappt ginn, sou d'Monique Faber.
"Déi Bakterien, déi huet wierklech e risege Spektrum u Wiertsplanzen. Dat heescht, déi ass net ganz komplizéiert an hirem Menü. Dat heescht, do falen och ganz aner Planzen drënner wéi zum Beispill Schwaarzbier oder Hielenner oder Ahornbeem."
Mataarbechter vun der Administratioun fir Technesch Landwirtschaftlech Servicer, vun der Natur- a Forst-Verwaltung a vun de Ponts et Chaussées hu sech e Mëttwoch d'Situatioun op der Plaz ugekuckt. Et muss elo ganz séier reagéiert ginn. Éischt Devise bei spezialiséierten Entreprisë sinn ugefrot. Et geet drëms, z'evitéieren, datt Zykaden, déi bei den aktuellen Temperaturen nach aktiv sinn, d'Krankheet op weider Wéngerten oder och Uebstbongerten iwwerdroen, erkläert d'Landwirtschaftsministesch Martine Hansen.
"A Süditalien hate mer ronn 21 Milliounen Oliwebeem, déi doduerch futtigaange sinn. Dofir ass et och iwwert d'EU-Reglement esou gereegelt, datt een direkt muss agéieren, wann esou e positiven Test u sech fonnt gëtt. Dat heescht, an engem Ëmkrees vu 50 Meter ronderëm déi befalle Planz, déi mer elo positiv getest hunn, muss alles erausgehae ginn. An an engem Ëmkrees vun 2,5 Kilometer muss elo méi e genaue Monitoring gemaach ginn. An dann hoffe mer - pake mer Holz un - datt mer do net nach eppes fannen."
Déi betraffen Zone ginn den Ament och mat Insektizide géint Zykade behandelt. Géint d'Feierbakterie u sech gëtt et awer kee Mëttel, sou d'Martine Hansen.
"Dës Kéier muss et verbrannt ginn. Dat heescht, et ass net, datt wann et elo eng Kéier op der Musel brennt, datt mer eis net un d'Gesetzer halen, mee hei, fir d'Krankheet anzedämmen, mussen déi Saachen direkt am Wéngert selwer verbrannt ginn."
Vun den zoustännegen Autoritéiten ass et d'Informatioun, datt d'Bakterie zwar ganz aggressiv fir d'Planzen ass. Et géif awer keng Gefor fir Mënsch an Déier bestoen. D'Feierbakterie huet och keen Afloss op d'Wäiner. D'Leit sollen awer aus de betraffenen Zonen erausbleiwen, fir d'Krankheet net weider ze verbreeden.