Déi wichtegst Assurancen zu Lëtzebuerg

Egal, ob Dir scho laang zu Lëtzebuerg wunnt oder nei am Land sidd, et ass wichteg, sech gutt mat den obligatoreschen Assurancen an dësem friddleche Grand-Duché auszekennen. Och wann d'Lëscht vun de gesetzlech virgeschriwwene Versécherungen zimmlech kuerz ass, gi verschidden Assurancen awer staark recommandéiert, fir Iech géint Imprevuen ofzesécheren. Hei e kuerzen an nëtzlechen Iwwerbléck, fir datt Dir dee richtege Choix treffe kënnt.
D'Haftflichtversécherung, en onverzichtbare Schutz
Wann Dir zu Lëtzebuerg en Auto besëtzt, ass eng Autohaftflichtversécherung obligatoresch. Si deckt Persounen- a Materialschied of, déi Dir am Fall vun engem Accident bei anere Leit verursaache kéint. Vergiesst awer net, datt dës Assurance net fir d'Schied un Ärem eegenen Auto opkënnt. Heifir musst Dir eng zousätzlech Versécherung ofschléissen, wéi zum Beispill d'Kasko-Versécherung. easyPROTECT Auto vu LALUX bitt verschidde Formullen un, déi op Äert Gefier an op Är Besoinen ofgestëmmt sinn.
Wat d'Familljenhaftflicht ugeet, sou ass déi net obligatoresch, ausser wann Dir en Hond hutt. Als Hondsbesëtzer musst Dir dës Assurance, déi am Kontrakt easyPROTECT Haus a Wunneng kann integréiert ginn. Dir braucht eng Attestatioun, fir Ären Hond bei der Gemeng unzemellen? Kee Problem, Dir kënnt dës einfach iwwer easyAPP ufroen.
Och wann Dir keen Hond hutt, rode mir Iech staark, eng Familljenhaftflichtversécherung ofzeschléissen. Si séchert Iech géint déi finanziell Konsequenze vu Schied of, déi Dir ongewollt bei anere Leit verursaacht. Fir e bescheidene Betrag vun nëmmen e puer Euro de Mount schützt Dir Är ganz Famill.
Och passionéiert Jeeër oder Leit déi seegele mussen eng speziell Haftflicht ofschléissen, fir den Ufuerderunge vum Gesetz ze entspriechen.
Schützt Äert Doheem, déi Plaz, déi Iech am meeschten um Häerz läit
Och wann Dir gesetzlech net verflicht sidd, eng Assurance fir de Schutz vun Ärem Doheem ofzeschléissen, ass dat eng Decisioun, déi Dir bestëmmt net bereie wäert. easyPROTECT Haus a Wunneng ass eng Multirisk-Assurance, déi sech un Är Situatioun upasst, egal ob Dir Locataire oder Proprietär sidd. Am Fall vun engem Schued iwwerloosst Dir besser näischt dem Zoufall an entscheet Iech fir eng Versécherung, déi Ären Ufuerderungen entsprécht. Et ass vill wäert, wann ee säi Kapp a Rou leeë kann, an dës Assurance bitt Iech dat Gefill all Dag.
Entspaant den Alldag erliewen
Zu Lëtzebuerg ass jiddereen dee schafft automatesch duerch eng Beruffsonfallversécherung ofgeséchert, déi am Fall vun engem Accident op der Aarbechtsplaz oder am Zesummenhang mat der Aarbechtsplaz schützt. Dëse Schutz erstreckt sech awer net op Är Aktivitéiten ausserhalb vun Ärer Aarbecht. Fir komplett ofgeséchert ze sinn, denkt drun, eng privat Onfallversécherung, wéi zum Beispill easyPROTECT Accident, ofzeschléissen, déi bei Tëschefäll am deegleche Liewe gräift.
Är Gesondheet, eis Prioritéit
Äert Wuelbefannen an dat vun Äre Léifsten ass fir eis immens wichteg. De Lëtzebuerger Gesondheetssystem ass zwar ee vun deene beschten op der Welt, en deckt awer net alles of. Fir déi heiansdo limitéiert Remboursementer vun der obligatorescher Versécherung opzefänken, ass et net vu Muttwëll, eng Zousazgesondheetsversécherung ofzeschléissen. EASY HEALTH vun DKV Luxembourg, Member vum Groupe LALUX, ass déi ideal Léisung, fir d'Lächer vun Ärer Basisversécherung ze stoppen, an Iech Zougang zu de beschte gesondheetleche Leeschtungen ze sécheren, besonnesch am Fall vun enger schroer Krankheet.
Plangt Är Zukunft a lieft haut
Et ass wichteg, un d'Zukunft ze denken. Zu Lëtzebuerg geet et bei der Altersvirsuerg awer net nëmmen dorëm, fir d'Pensioun ze spueren. Mat easyLIFE Pension profitéiert Dir direkt vun zwee Avantagen. Dir leet zum engen en zousätzlecht Akommes fir den Alter op d'Säit a séchert Iech esou eng confortabel Pensioun. Op där anerer Säit – an dat ass net onwichteg – profitéiert Dir och haut scho vu grousse steierleche Virdeeler. Deemno eng Win-Win-Situatioun: Dir bereet Är Zukunft vir an optiméiert gläichzäiteg Är aktuell steierlech Situatioun.
Entdeckt all d'Versécherungsléisungen
Iwwerloosst näischt dem Zoufall an entdeckt, wéi eng Versécherungsléisungen et zu Lëtzebuerg gëtt. Sief et fir Äert Gefier, Äert Doheem, Är Gesondheet oder Är dagdeeglech Aktivitéiten, LALUX proposéiert Léisungen, déi op Är Besoinen ofgestëmmt sinn, fir datt Dir Äert Liewen ouni Stress genéisse kënnt. Haut déi richteg Assurance auswielen heescht, muer de Kapp a Rou leeën ze kënnen. Entdeckt déi ganz Gamm vu Versécherunge vu LALUX.