Är Studentenzäit am Ausland: en onbeschwéiert Abenteuer

Dir sidd prett, fir an d'Ausland studéieren ze goen? Felicitatioun! Do waart eng eemoleg Erfarung op Iech. Mee hutt Dir och un alles geduecht?
Wann een un e Studium am Ausland denkt, huet ee virun allem passionant Coursen, onvergiesslech Renconteren a kulturell Entdeckungen am Kapp. An awer ass domat och vill Ongeplangtes an eng Rei vu Risike verbonnen, op déi een sech virbereede muss.
Firwat ass et esou wichteg, eng Haftflichtversécherung ze hunn?
Dir kënnt an Ärem alldeegleche Liewe mat Situatioune konfrontéiert sinn, an deenen d'Wichtegkeet vun enger Haftflichtversécherung net vun der Hand ze weisen ass:
- E Mëssgeschéck: Dir geheit e Gedrénks ëm, leider op de Laptop vun Ärem Matbewunner. De Stresslevel klëmmt: Wie bezuelt d'Reparatur? Ouni Haftflichtversécherung misst Dir perséinlech fir dës Onkäschten opkommen.
- Alldeeglech Interaktiounen: Wann Dir am Ausland lieft, kommt Dir an ënnerschiddleche Situatioune mat ville Leit a Kontakt. En einfachen Accident ka beträchtlech Käschte verursaachen, wann Dir zum Beispill engem aneren seng Saache beschiedegt oder eng Persoun blesséiert.
Mat enger Haftflichtversécherung sidd Dir géint dës Schied ofgeséchert a kënnt ongeplangt Ausgabe vermeiden.
En zousätzleche Schutz
E modernt Studenteliewen hänkt och vill vun der Technologie an dem perséinleche Confort of. Dofir huet LALUX easyPROTECT Discover agefouert, eng Assurance, déi speziell op d'Besoine vu Studenten ausgeriicht ass. Si deckt och d'Haftflicht of, geet awer nach wäit doriwwer eraus!
- D'Wunneng: An Ärem gelounten Appartement kënnt et zu engem Waasserschued. D'Reparatur kann deier ginn. Mat easyPROTECT Discover braucht Dir an dëser Situatioun net ze panikéieren.
- Gesondheet a Wuelbefannen: Dir gitt krank oder blesséiert Iech bei enger sportlecher Aktivitéit. D'Dokteschkäschte kënnen am Ausland ganz héich sinn. Mat där richteger Gesondheetsversécherung kritt Dir déi néideg medezinesch Versuergung, ouni Iech iwwer d'Käschte Suerge maachen ze mussen.
- Schaff- a Kommunikatiounsinstrumenter: Äre Smartphone oder Äre Laptop, deen Dir onbedéngt fir Äre Studium braucht, ass futti oder gouf geklaut. Dat kéint Äert Schouljoer schéin op d'Kopp geheien. easyPROTECT Discover schützt Är Multimedia-Geräter a garantéiert den Ersatz oder eng séier Reparatur vun Ären Ekipementer.
Firwat ass easyPROTECT Discover e gudde Choix?
D'Liewen ass onberechenbar an am Ausland studéiere bedeit, seng Confortzon ze verloossen. Gutt verséchert sinn, dat heescht Ongeplangtem virzegräifen a sech déi néideg Rou ze verschafen, fir sech op dat Wichtegst konzentréieren ze kënnen: Äre Studium an Är nei Erfarungen.
easyPROTECT Discover gouf als Äntwert op dës Besoinen entwéckelt. Si begleet a schützt Iech an erlaabt Iech esou, Är Studentenzäit a vollen Zich ze genéissen. Dir gitt net eleng fort, LALUX ass fir Iech do!
Stellt Iech also drop an, all Moment genéissen ze kënnen. Méi Informatioune fannt Dir op easydiscover.lu!