Wann Dir Iech an e Bauprojet lancéiert oder Äert Haus besser schütze wëllt, ass et wichteg, déi richteg Assurancen auszewielen. LALUX bitt Iech Léisungen un, déi op Är speziell Besoinen ofgestëmmt sinn, fir datt Dir onbeschwéiert liewen an Ären Immobilieprojet effikass ofséchere kënnt.

Schützt Äre Bau: déi wichtegst Assurancen

APROBAT LALUX Assurances hëlleft Iech duerch d’Welt vun den Assurancë fir de Bau ze navigéieren, fir ze garantéieren, datt Äre Bauprojet géint all ongeplangt Evenementer ofgeséchert ass.

Spezialiséiert Ingenieuren an Techniker suergen dofir, datt Äre Chantier konform ass a begleeden Iech bei all Schrëtt. Mat der Bauleeschtungsassurance an Zéngjores-Haftflichtversécherung, ass Äre Projet wärend an no den Aarbechte géint onvirgesinn Evenementer, Baumängel oder souguer géint d’Faillite vum Entrepreneur geschützt. Zouverlässegt Know-How fir en zolitte Bauprojet.

Verséchert Äert Doheem: den ideale Versécherungsschutz

Äert Haus, dat ass wäit méi wéi en Ënnerdaach: et ass Äre Refuge, eng Plaz, wou Dir Iech sécher fillt. Egal ob Dir Proprietär oder Locataire sidd, et ass wichteg, Är Wunneng mat allem, wat dran ass, ze schützen. easyPROTECT Haus a Wunneng vu LALUX bitt Iech dofir e flexibele Versécherungsschutz, dee perfekt op Är Besoinen ofgestëmmt ass. Äntwert op e puer Froen a fannt ganz einfach mam Simulator, déi Formule, déi am beschte bei Iech passt.

All Liewensstil ass eenzegaarteg, dofir muss de Schutz vun Ärem Haus dat och sinn. Egal ob Dir eng Schwemm, Solarpannoen, en elektresche Vëlo hutt oder am Häerz e Globetrotter sidd, d’Optioune vun easyPROTECT passen sech un Är Besoinen un. Schützt Är Ekipementer, Fräizäitbeschäftegungen, Wäertsaachen an och esouguer Är Reesen.

Fannt all zousätzlech Informatiounen iwwer d’Bau- an d’Hausversécherungen am LALUX Blog.