D'Autosversécherung zu Lëtzebuerg ass méi ewéi nëmmen eng reng Formalitéit. Natierlech ass d'Autohaftflicht eng gesetzlech Obligatioun a wesentlech fir d'Schied un Drëttpersounen ze decken. Awer et ginn nach vill weider optional Garantië wéi Déifstall, Feier, Glasbroch a Kasko… et ass wichteg déi Couverture ze wielen, déi perfekt op Är Besoine passt.

Firwat zousätzlech Garantien ofschléissen?

D'Haftflichtversécherung deckt keng Schied un Ärem eegenen Auto, mee dëse verdéngt et natierlech och géint onerwaarte Situatioune geschützt ze sinn: Kollisioun mat engem Déier, Onwieder, Accident, falsch Tanken…  An all dëse Situatioune kënne signifikant Käschten op een duerkommen. A genee hei kommen dann déi optional Garantien, déi un Ären Auto ugepasst sinn, an d'Spill.

Mat easyPROTECT Auto hutt Dir de Choix tëschent dräi Formullen: Sécurité, Confort a Performance. Egal ob Ären Auto fuschnei oder schonn eng jett Kilometer erof huet, LALUX huet forcement déi bescht Léisung fir dësen optimal ze schützen: vun der Basisversécherung, iwwer Optiounen à la carte oder déi ultra-komplett Versécherung.

An all Formule ass e 24/7 Assistenz-Service an en Ersatzauto, wann Ären Auto duerch eng Pann, en Accident oder en Déifstall immobiliséiert ass, inclus.

Är eege Sécherheet soll net vernoléissegt ginn

Ären eegene Schutz als Chauffer ass grad esou essenziell wéi dee vun Ärem Auto. Denkt drun e spezifesche Fuererschutz ofzeschléissen, fir dass Är Blessure bei engem Accident, deen Dir verursaacht hutt, och indemniséiert ginn.

Wëllt Dir méi wëssen?

Entdeckt de komplette Guide fir d'Autosversécherung a fannt déi Formule, déi am beschte bei Iech passt.