Lëtzebuerg, dat ass Vakanz!
Entdeckt eng vun de gréngste Stied an Europa - Lëtzebuerg

© LCTO
De Luxembourg City Tourist Office bitt speziell Touren un, och am Kader vun der LUGA, Luxembourg Urban garden.
D'Mady Lutgen hëlt eis mat an eis gréng Haaptstad a proposéiert d'Tier vum LCTO op deenen een d'Stad emol nei entdecke kann. Epuer vun deenen Tier sinn ganz nei am Kader vun der Luga geschaf ginn.
Bei eisem "Be(e)loved Luxembourg"-Tour dréint sech zum Beispill alles em d’Beien, an den Nohaltegkeetstour schwätzt vu Geschicht, Kultur, Politik, Ëmwelt, Gesellschaft an Economie.
Lëtzebuerg - Dat ass Vakanz 23.06.2025 - Mady Lutgen - LCTO
Entdeckt all d'Tier vun der Stad op luxembourg-city.com a méi zu den Aktivitéite fir de Summer a ganz Lëtzebuerg op letzebuergvakanz.lu.
Am meeschte gelies