Sonndes ass den offiziellen Optakt, deen zesummefällt mam Event "Alles op de Vëlo": Fir matzemaache brauch ee just mam Vëlo op Miersch ze kommen.

Um Vëlosummer ass fir all Vëlosbegeeschterten eppes dobäi: Vun Variante fir Famille mat Kanner bis zu méi ambitiéisen Hobby-Cyclist mat Tier vu ronn 90 Kilometer ass alles dobäi. 
Fir d'Famillen sinn d'Streckeprofiller souguer extra ugepasst a sou gewielt datt et fir déi kleng net zevill ustrengend ass an och op méi rouege Strecken, oder Stroossen déi fir d'Vëlosfuerer reservéiert sinn.

E Samschdeg 19.07.2025 geet et lass mam Tour Mamerdall. Den 20. Juli ass den offiziellen Optakt vum Vëlosummer, zesumme mam Event "Alles op de Vëlo" vun de Gemenge Mamer/Koplescht/Miersch.

Lauschtert hei drënner den Interview:

Lëtzebuerg - Dat ass Vakanz 14.07.2025 Vëlosummer mam Ben Roderes a Pol Arlé

All d'Informatiounen an d'Kaarte vir erofzeluede fënnt een och op velosummer.lu.