Gitt Touristeguide zu Lëtzebuerg – ewéi de Patrick Deboulle
© Eric Devillet
Eng nei Formatioun vun House of Training zesumme mam Wirtschaftsministère, riicht sech u Leit déi Touristeguide hei zu Lëtzebuerg wëlle ginn.
Am Interview vum Nico Thielen mam Patrick Deboulle schwätze mir iwwer d’Aktivitéit vum Guide an iwwer d’Formatioun, an där ee wichtegt Wësse vermëttelt kritt fir als Touristeguide hei zu Lëtzebuerg aktiv ze sinn. De Patrick ass zanter 2019 Naturguide am Éislek an am Mëllerdall, verzielt also iwwert d'Natur an d’Geologie, awer och iwwert d’Geschicht, ewéi zum Beispill wärend enger Visite am Veianer Schlass.
Am Interview gitt Dir gewuer wat d’Aktivitéit als Guide esou flott mécht, wat déi meescht gestallte Froe vun de Participante sinn a wat een alles muss wësse fir Guide ze ginn.
Kuckt och op houseoftraining.lu.