De Minett ëmfaasst 15 Gemengen am Süde vum Land an zitt sech vu Käerjeng eriwwer bis Leideleng, Réiser a Fréiseng nach mat.

Eis Regioun Minett ass natierlech gepräägt vun der Stolindustrie, ma zanter 2020 ass se och offiziell vun der Unesco als Biosphärereservat unerkannt. Wat genau dat heescht, wéieng Critèren een do muss erfëllen, a wat et am Minett alles ze kucke gëtt gitt der hei am Interview mam Lynn Reiter vu Visit Minett gewuer:

Lëtzebuerg - Dat ass Vakanz ORT Minett - Lynn Reiter

Weider Informatioune fannt dir och op visitminett.lu. oder op letzebuergvakanz.lu.