Lëtzebuerg, dat ass Vakanz!
De Vëlosummer si bis zu 14 Tier mam Vëlo duerch Lëtzebuerg

Op der Plaz kritt een och Vëloen ze lounen! Et brauch ee just am Viraus ze reservéieren.
Déi 6. Editioun vum Vëlosummer leeft nach bis de 24. August 2025. Hei ginn et Vëlostier queesch uerchtert d'Land. Verschidden Tier si just Weekends befuerbar, anerer de ganze Summer iwwer.
Et geet drëms de Leit d'Méiglechkeet ze bidden d'Land mam Vëlo ze entdecken, d'Strecken déi dëst Joer dobäi sinn, sinn de Vëlo Via Norden, den Uewersauer-Tour bis Mëllerdall-Tour a vill anerer.
Fir déi ganz motivéiert gëtt et och e giele Vëlosummer-Tricot fir déi, déi all 14 Tier gefuer sinn.
D'Anne Haag vum Wirtschaftsministère erkläert am Interview dem Nico Thielen d'Detailer.
Lëtzebuerg - Dat ass Vakanz 07.07.2025 - Vëlosummer mam Anne Haag
Am meeschte gelies