
Dat flott um Vëlosummer ass, datt ee mat der Famill, oder och mat Kolleege kann deelhuelen. D’Tier sinn ënnerschiddlech schwéier sou datt ee fir all Gruppekonstellatioun dee passende fënnt.
An dësem Interview schwätzt den Nico Thielen mam Marcel Haas, dee bei alle 6 Vëlosummere matgefuer ass! Lauschtert hei bis era fir epuer flott Anekdoten, well “Wa Vëlosummer ass, da geet keen an d’Vakanz, dann ass Vëlosummer!”
All Informatiounen op velosummer.lu a méi iwwert “Lëtzebuerg dat ass Vakanz!” um Site letzebuergvakanz.lu.