
De Georges Engel an d’Maxime Miltgen sinn déi nei Co-Presidente vun der LSAP. Dat huet um Kongress vun der Partei eng grouss Majoritéit vun de ronn 300 presente Memberen decidéiert. Als Generalsekretär gouf de Sacha Pulli confirméiert. Nieft der Wiel vun enger neier Parteispëtzt stoungen och d’Diskussioune ronderëm een neie Grondsazprogramm am Mëttelpunkt, deen ale war nach aus dem Joer 2002. Zimmlech laang gouf iwwert eng ganz Partie Amendementer diskutéiert, déi sech dacks ëm eenzel Begrëfflechkeeten, wéi zum Beispill den Ënnerscheed tëscht Kapitalismus an Turbokapitalismus, gedréint hunn. Am Verglach mat deem ale Grondsazprogramm ass dee gréissten Ënnerscheed, datt an deem neien Text de Begrëff Nohaltegkeet eng wichteg Roll spillt, wéi de Sacha Pulli ënnerstrach huet.
“An Zäite vu Klima- a Biodiversitéitskris schwätze mer eis awer ganz kloer och fir eisen neie Grondwäert vun der Nohaltegkeet aus. Mir sti fir eng sozial Klimapolitik, déi d’Klimakris bekämpft, an där de Mënsch am Aklang mat der Natur steet an net an Oppositioun zur Natur. Nëmme sou ass Fortschrëtt méiglech, Fortschrëtt ass keng Gléckssaach, Fortschrëtt ass d’Resultat vu gudder Politik.”
Um Enn gouf den neie Grondsazprogramm mat ronn 91 Prozent vun de Stëmmen ugeholl.
Wéineg iwwerraschend hunn d’Riedner vun der gréisster Oppositiounspartei vun der Geleeënheet profitéiert, fir d’CSV-DP-Regierung ze kritiséieren. Zum Beispill d’Presidentin vun der Chamberfraktioun Taina Bofferding mat Bléck op d’Diskussioun iwwert eng Pensiounsreform.
“Dat ganzt Land war invitéiert, dat ganzt Land huet matgemaach, huet matgeschwat, bis dann enges Moies de Premier beim Opstoen déi formidabel Iddi hat, komm mir loossen d’Leit lo mol alleguerten zwee bis dräi Joer méi laang schaffe goen. Mee d’Kiischt um Kuch, wéi iwwerhaapt guer näischt méi gaangen ass, op der Pressekonferenz, stellt d’Regierung sech dohinner a seet ganz dréchen, gutt datt mer driwwer geschwat hunn, mee wësst der, eigentlech hu mir iwwerhaapt guer kee Mandat, fir eng Reform ze maachen. Il faut le faire.”
D’LSAP géing hirersäits och aus der Oppositioun eraus probéieren, d’Politik matzegestalten. Esou géing ee konkret Alternativen op den Dësch leeën, zum Beispill bei der geplangter Steierreform, wou den Abattement petite enfance op eng LSAP-Propose zeréckgoe géing.