Alkohol um SteierD'Police huet am Ganze sechs Fürerschäiner agezunn

RTL Lëtzebuerg
Véier Chauffere waren an eng Kontroll geroden, déi aner zwee ware wéinst hirem Fuerstil opgefall.
Policekontroll (Symbolbild)
© Laurent Weber

Op Uerder vum Parquet waren an der Nuecht op e Samschdeg Alkohol- an Drogekontrollen am Garer Quartier an der Stad. 107 Chauffere goufe kontrolléiert. An aacht Fäll war et e positiven Alkoholtest, véier Mol gouf dowéinst de Permis agezunn. Siwe Mol war den Drogentest positiv.

Donieft goufen aner Verstéiss festgestallt, wéi d’Fueren ouni Permis respektiv trotz Fuerverbuet an d’Fueren ouni Versécherung oder ouni valabele Contrôle technique.

Da kruten nach zwee Chauffere um Freidegowend de Fürerschäin ofgeholl, well si ze vill gedronk haten an duerch hire Fuerstil opgefall sinn. Géint 19 Auer zu Leideleng a géint 20 Auer zu Housen ass all Kéier eng alkoholiséiert Persoun an e Potto gerannt a liicht blesséiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO