
Déi géigesäiteg Attacke gi weider an och d'Strooss vun Hormus, duerch déi eng grouss Quantitéit u weltwäitem Pëtrol a Gas fléisst, gëtt weider vum Iran blockéiert. den US-President Trump hat ukënnegt, d'US-Marine géing "ganz geschwënn" ufänken, d'Pëtrolstanker duerch d'Mieresstrooss ze eskortéieren. Elo rifft en och aner Länner déi vum Blockage betraff sinn op, den USA dobäi ze hëllefen. Genannt ginn ënnert anerem China, Frankräich a Groussbritannien.
Um Samschdeg huet d'US-Arméi dem US-President Trump no déi iranesch Pëtrol-Insel Kharg am Persesche Golf massiv attackéiert. D'Pëtrols-Infrastrukture selwer op der Insel wieren awer verschount bliwwen. Et wiere Militärziler ugegraff ginn.
Den Iran huet, wéi et ausgesäit, en Ueleghafen an de Vereenten Arabeschen Emirater attackéiert. Iwwert der Hafestad Fudschaira am Golf vum Oman waren e Samschdeg de Moie schwaarz Dampwolleken ze gesinn. Den Autoritéiten no wier de Brand ausgebrach, nodeems Stécker vun enger Dron, déi ofgeschoss gouf, erofgefall sinn.
D'iranesch Arméi hat am Virfeld virun Attacken op Häfen an den Emirater gewarnt an d'Awunner opgeruff, sech vun dëse fort ze halen. Et wier d'legitimt Recht vum Iran, sech ze wieren andeems een amerikanesch Missilë géing attackéieren, déi sech do befannen. D'Ziviliste goufen opgeruff, d'Géigende ronderëm Häfen z'evakuéieren.
Bei de Kämpf tëschent Israel an der pro-iranescher Hisbollah sinn an de leschten zwou Woche iwwer 800 Mënschen am Libanon em d'Liewe komm. Ënnert den Doudesaffer sollen och iwwer 100 Mannerjäreger sinn. Déi Zuele nennen déi Libanesesch Autoritéiten. De Konflikt ass zanter dem Ufank vum Iran-Krich nees eskaléiert. Den UN-Generalsekretär António Guterres fuerdert béid Parteien op, de Konflikt op en Enn ze bréngen an eng diplomatesch Léisung ze fannen.