
E Samschdeg den Owend invitéieren d’"Bëllia Bratzelgecken” op d’Nuetskavalkad zu Waasserbëlleg, wou den Organisateuren no ënnert anerem 50 Musekskapellen bei der ronn zwee Kilometer laanger Pressessioun laanscht d’Musel wäerten derbäi sinn. Et ass insgesamt schonn déi 37. Kavalkad, déi zu Waasserbëlleg gefeiert gëtt.
Ganzer 1.500 Kilo Séissegkeeten 1.000 Liter Wäin an 2.000 Bratzele si fir d’Festivitéite virgesinn, déi ëm 18.11 Auer um Bord vun der Musel lassginn. Nom Ëmzuch geet d’Feier dann am Festsall weider, wou et Karnevalsmusek op d’Oueren a Guddes aus enge sëllege Foodtrucks tëscht d’Zänn gëtt.
Weider Informatiounen zum Event an de Parcours vum Ëmzuch fannt Dir um Site vun de Bratzelgecken.