
D’Muselregioun bréngt Kultur vun all Zort zesummen. Vu Wäin an Drëppen, bis zu Geschicht mat réimeschen Ausgruewunge bis zum neie renovéierte schengener Musée.
Am Kader vum Patrimoine naturel deen dëst Joer bei “Lëtzebuerg, dat ass Vakanz!” am Vierdergrond steet ënnerstëtzt Visit Moselle de Biodiversum zu Rëmerschen.
Stéchdatum ass de Welttourismusdag de 27. September mat engem Famillje-Rally a ganz ville Visite Guidéen.
All déi wichteg Plazen a Visitte fannt Der op visitmoselle.lu. a biodiversum.lu.