Am Abrëll eréischt huet de Grand-Duc Henri e ronne Gebuertsdag gefeiert.

De 16. Abrëll 1955 koum de Henri Albert Gabriel Félix Marie Guillaume vu Lëtzebuerg um Schlass Betzder als eelste Jong vun der deemools ierfgroussherzoglecher Koppel, dem Jean an der Joséphine-Charlotte vu Lëtzebuerg, op d'Welt. 1973, wéi den Henri vu Lëtzebuerg volljäreg ginn ass, krut hien offiziell den Titel als Ierfgroussherzog an domat och representativ Rollen. An där Zäit goung awer och de Studium weider, wärend deenen hie seng Fra Maria Teresa Mestre kennegeléiert huet. De 14. Februar 1981, um Dag vun de Verléiften, hu si sech d'Jo-Wuert ginn. Zesumme krute si fënnef Kanner: Guillaume, Félix, Louis, Sébastien an Alexandra.

Antëscht ass de Grand-Duc schonn aacht Mol Bopa, geschwënn néng Mol

De Prënz Guillaume a seng Fra, d'Ierfgroussherzogin Stéphanie, kruten zwee Kanner, de Charles Jean Philippe Joseph Marie Guillaume an de François Henri Luis Marie Guillaume. De Prënz Félix a seng Fra Prinzessin Claire kruten dräi Kanner, d'Amalia Gabriela Maria Teresa, de Liam Henri Hartmut an de Balthasar Felix Karl. Da wier nach de Prënz Louis, dee mat senger Ex-Fra Tessy Antony, elo de Nassau, zwee Bouwe krut, de Gabriel Michael Louis Ronny an den Noah Guillaume. Zum Schluss kënnt nach déi eenzeg Duechter vun der groussherzoglecher Koppel: d'Alexandra huet mat hirem Mann Nicolas Bagory ee Meedchen, d'Victoire Bagory. Hiert zweet Kand soll am Hierscht op d'Welt kommen.

Am Mäerz 1998 krut den Henri vu sengem Papp, dem Grand-Duc Jean, d'Lieutenance iwwerdroen an zanter dem 7. Oktober 2000 ass hien domat de Groussherzog vu Lëtzebuerg. Säi kompletten Titel ass iwwregens "Groussherzog vu Lëtzebuerg, Herzog vun Nassau, Grof vu Sayn, Königstein, Katzenelnbogen an Diez, Buerggrof vun Hammerstein, Här vu Mahlberg, Wiesbaden, Idstein, Merenberg, Limburg an Eppstein".

Säi 70. Gebuertsdag war dann och dee leschte Gebuertsdag, deen hien als Grand-Duc gefeiert huet. Den 3. Oktober dëst Joer wäert hien ofdanken, ier da säin eelste Bouf, den Ierfgroussherzog Guillaume, säin Eed ofleet an d'Successioun als Grand-Duc wäert iwwerhuelen.

Op Nationalfeierdag d'lescht Joer hat de Grand-Duc an enger iwwerraschender Ukënnegung wärend senger Ried annoncéiert, der méi jonker Generatioun wëlle Plaz ze maachen an ofzedanken. Dat war bis dohi geheim. Den Titel vum Lieutenant-Représentant krut de Prënz Guillaume dunn den 8. Oktober an enger offizieller Zeremonie an huet domat och e groussen Deel Chargë vu sengem Papp iwwerholl. Am Dezember da koum d'Annonce, wéini de Prënz Guillaume den Troun iwwerhëlt.

Am grousse Ganze war et e Joer mat nawell villen Annoncen an Evenementer, bedenkt een eleng, dass d'groussherzoglech Koppel 2025 hir 25 Joer Trounjubiläum hat. Een anere ganz wichtegen Datum steet dem "nach" Grand-Duc an eisem Land awer nach bevir. An dat ass den 3. Oktober 2025. Deen Dag kritt Lëtzebuerg en neie Grand-Duc an eng nei Grand-Duchesse.

Iwwregens hat den aktuelle Grand-Duc am Kader vun der Reegelung zur Trounfolleg 2010 eng Ännerung am Familljepakt vun 1978 ordonéiert. An zwar soll an Zukunft, onofhängeg dovun, ob Jong oder Meedchen, just nach dat éischtgebuerent Kand d'Trounfolleg iwwerhuelen.

E Réckbléck op 20 Joer Grand-Duc Henri

Virun 20 Joer koum de Grand-Duc Henri op den Troun
De 7. Oktober 2000 war en historeschen Dag fir Lëtzebuerg: Mat 45 Joer koum de Grand-Duc Henri op den Troun.

En Dënschdeg den Owend nom Journal kucke mir zeréck op déi lescht 25 Joer als Staatschef vu Lëtzebuerg.