E Réckbléck op d'Trounwiesselen zu Lëtzebuerg
Mir hu gekuckt, wat den Titel vum "Lieutenant représentant" bedeit a wéi et bis ewell um Haff gehandhaabt gouf.
Den 28. Abrëll 1961 hat de Grand-Duc Jean säin Eed als Lieutenant représentant ofgeluecht. 3 Joer drop huet seng Mamm, d’Grand-Duchesse Charlotte, ofgedankt.
Du sollt et bis 1998 daueren, bis de Grand-Duc Jean annoncéiert huet, dass hie sengem Fils Henri géif d’Lieutenance iwwerdroen. De 4. Mäerz 1998 gouf den deemolegen Ierfgroussherzog Henri am Stater Palais als Lieutenant représentant vereedegt. Zwee Joer drop huet hien dunn den Troun vu sengem Papp iwwerholl.
An d’Geschicht widderhëlt sech: 24 Joer, nodeem den Henri als Grand-Duc am Amt ass, kënnegt hien un, sengem Fils, dem Prënz Guillaume, méi Verantwortung ze iwwerdroen. Wuel keng Ofdankung awer een éischte Schrëtt an déi Richtung.
2025, d'nächst Joer, feiert de Grand-Duc Henri säi 25. Trounjubiläum a 70. Gebuertsdag, do gëtt natierlech iwwer ee méiglechen Trounwiessel spekuléiert.