De Sonndesinterview mam Lucien Czuga"Et gëtt net genuch gelaacht hei zu Lëtzebuerg"

Cédric Ferry
Am Sonndesinterview schwätzt de Lucien Czuga iwwer seng Zesummenaarbecht mam Roger Leiner, den Humor am Superjhemp a säin aktuelle Projet, bei deem et op de Mars geet.
De Sonndesinterview mam Lucien Czuga
De Lucien Czuga iwwer seng Zesummenaarbecht mam Roger Leiner, den Humor am Superjhemp a säin aktuelle Projet, bei deem et op de Mars geet.

D'Schreiwe wier schonn ëmmer senges gewiescht, seet de Lucien Czuga. Dat hätt schonn an der Schoul ugefaangen, wou hien an de Sproochen ëmmer den éischte gewiescht wier. Dat hätt him dann och e gewësse Privileeg abruecht: Wärend d'Klassekomeroden nach hu misse mam Proff schaffen, duerft hie seng Bicher, déi hier matbruecht huet, liesen. Wann dann e Problem gewiescht wier, hätt de Proff hie gefrot.

An och berufflech hat de Lucien Czuga ëmmer scho mat Schreiwen a Sproochen ze dinn. Knapps aus dem Lycée eraus krut hien den Optrag, e Guide vun den europäeschen an den internationalen Institutiounen an Europa ze schreiwen. Eng Aarbecht, fir déi hie queesch duerch Europa gereest ass, an déi hien dowéinst haut nach a gudder Erënnerung huet:

"Du kënns vun der Schoul an du däerfs direkt wierklech dat maachen, wat s Loscht hues, dat heescht, dat, wat s de geléiert hues, schreiwen, dat hues de däerfen, an du hues och nach däerfe reesen. Ech reesen immens gär. Ech gesi gär nei Länner, nei Leit an esou weider. An deemools, dat war super. Ech konnt a ganz Europa fléien. Et war eng Zäit, do war ech méi um Frankfurter Flughafen doheem wéi doheem."

Duerno kënnt hien dann iwwergangsweis e Joer beim Journal ënner, éier hien 30 Joer laang an der Publicitéitsbranche schafft. Als éischte Redakter, dee fest an enger Lëtzebuerger Publicitéitsagence agestallt war, huet hien ënner anerem un der Campagne géint d'Atomkraaftwierk zu Cattenom matgeschafft.

Vum "Pechert" zum Superjhemp

D’BD kënnt dann 1986 a säi Beruffsliewen. Zu dëser Zäit hätt hie relativ dacks Protekoller wéinst dem Parke krut an hätt sech geduecht, dass een dach iergendeppes misst maachen "fir deenen dat zeréck ze ginn." Esou wier d'Iddi vun engem Comic entstanen, an deem et ëm e sougenannte "Pechert" geet. An tatsächlech huet e Kolleeg hien deemools gefrot, ob hie fir eng Gratis-Zeitung e Comicstrip mat dräi Biller kéint schreiwen. Ma wéi hie sech doropshin op d'Sich no engem Zeechner mécht, fënnt hien dee Mann, mat deem hien d'Lëtzebuerger Comic-Welt sollt déi nächst knapp 30 Joer op d'Kopp geheien:

"Déi Loscht hat ech natierlech, mä ech hat awer keen Zeechner. An dunn hunn ech am Tageblatt gesinn, dass do d'Kinosrubrik vun engem gewësse Roger Leiner illustréiert ginn ass mat esou Personnage wéi vum Crump, vum Robert Crump. Dat huet mir immens gefall. Du hunn ech geduecht: Da riffs de mol beim Tageblatt un an da frees de no deem senger Telefonsnummer. Ech ruffen do un an d'Joffer an der Zentral seet mer: 'Ah den Här Leiner, dee wunnt do an do an deen huet déi an déi Telefonsnummer. Haut dës Dags géife se natierlech soen: 'Oh, Protection des données, kënnt guer net a Fro an esou weider. Mee bon, dunn hunn ech de Roger de selwechten Owend nach ugeruff an dunn huet hie gesot: 'Bon, da komm den Owend laanscht. Mir sinn... ech sinn dohinner gefuer, op Rolleng bei Miersch."

Wéi de Lucien Czuga dunn zu Rolleng ukomm ass, wier direkt kloer gewiescht, dass hien an de Roger Leiner Rescht vun hirem Beruffsliewe wéilten zesumme schaffen. Et ass da schliisslech d'Bommeleeër-Affär, déi den Ustouss fir d'Konzeptioun vum bekanntste Lëtzebuerger Superheld vun allen Zäite gëtt:

"An deemools war jo déi Affär mam Bommeleeër, déi war akut. An do hu mer geduecht: dat do ass dee Sujet, dee behandele mer als BD. Mir mussen awer nach Personal fannen, deen dat kéint opklären. A well mer allen zwee grouss Fane ware vum Super-Dupont, engem franséische Superheld, dee sech vu Kach..., vum Camembert ernäert, fir ze kënnen ze fléien, hu mer geduecht: du muss de Lëtzebuerger Superheld erfannen an deen ernäert sech natierlech vu Kachkéis."

Karikatur an Hommage an engem

Zéngdausende Leit hunn zanterdeem gelies, wéi de Superjhemp eng ëm déi aner Kéier d'Land rett an dobäi Lëtzebuerg - dat am Comic als Luxusbuerg virkënnt - a seng Regiounen an Awunner karikaturéiert, deels fir de Geck ze maachen, ma och deels als Hommage:

"Mir hunn immens vill fir den Tourismus gemaach, am Superjhemp. Mir hu wierklech all déi flott Plaze gewisen, mir hu Veianen gewisen, d'Stad gewisen, mir hunn Iechternach gewisen an esou weider an esou fort. All awer natierlech verännert, op eis Aart a Weis, op meng Aart a Weis, ech hunn eeben e bëssen de Geck domadder gemaach an de Roger huet dat zeechneresch ëmgesat, an dat war natierlech eng super Kollaboratioun. An och déi Leit, déi dra waren, dat waren natierlech Karikaturen."

"Wat de Lëtzebuerger feelt, dat ass d'Laachen"

De Succès vum Superjhemp erkläert de Lucien Czuga sech dann engersäits duerch dem Roger Leiner säin Talent als Zeechner: "Dat war absolut formidabel. Ech fannen, also wierklech, fir mech war de Roger déi ganz Zäit, wou ech mat em geschafft hunn, e Genie. Ganz einfach." Ma och d'Aart a weis, wéi si de Geck mat de Saache gemaach hunn, wier eppes, wat zu Lëtzebuerg gefeelt hätt:

"Wat de Lëtzebuerger feelt, dat ass d'Laachen, dat ass den Humor. Et gëtt net genuch gelaacht hei zu Lëtzebuerg, 't ass einfach ëmmer nëmmen dat seriöt, ëmmer dat schaffen, fir sou vill wéi méiglech ze verdéngen, fir sech säin Haischen an enger Cité kënnen ze bezuelen. An dat ass e bësse verbassen, dat ass dat Verbassent um Lëtzebuerger. An en ass frou... mir hunn dat och ëmmer gemierkt, wa mer ënnerschreiwe gaange sinn op Contern oder op Walfer, da stoung d'Leit an der Rei. Du hues gemierkt, dass d'Leit frou waren, fir an der Rei ze stoen, fir hiren Album ënnerschriwwen ze kréien, well ech se dann ënnerhalen hu mat mengen Topegkeeten an de Roger huet da gezeechent an hinnen eng flott Zeechnung gemoolt. An dat war fir si wierklech e flotte Moment."

D'Renya flitt op de Mars

Haut géing de Superjhemp an där Form wuel net méi funktionéieren, fënnt den Auteur. D'Leit wieren a Saachen Humor méi sensibel ginn an d'sozial Medie géingen et mat sech bréngen, dass sech méi Leit méi séier zesummen iwwer eppes opreegen:

"Deemools goufen d'sozial Medien nach net. Du konnts net erwaarden, dass iergendeen an engem Écran sech iwwert eppes opreegt an dass dausend Leit da soen: 'O vreck wéi super, dass dee sech doriwwer opreegt, ech reege mech och mol op do driwwer an esou weider."

© Cédric Ferry

De Lucien Czuga ass der BD awer och nom Enn vum Superjhemp erhale bliwwen. A sengem aktuelle Projet, der BD "Lëtzebuerg sicht de Luxonaut" deen hien zesumme mam Dan Altman realiséiert, geet et ëm d'Fuussefra Renya, déi eng Nofollgerin vum Renert ass an am Joer 2050 als éischt Lëtzebuergerin op de Mars flitt. De Comic ass op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Englesch an esouguer op Japanesch erauskomm. Offiziell presentéiert gouf en am Lëtzebuerger Pavillon op der Weltausstellung vun Osaka, wou dann och de Groussherzog Guillaume en Exemplaire iwwerreecht krut.

Back to Top
CIM LOGO