Laang gouf op d'Spill gewaart an d'Fans goufen net enttäuscht. De Spagat tëscht dem klassesche Format an der Open-World ass no u perfekt.

Wie scho mol Dark Souls, Bloodborne oder Sekiro gespillt huet, dee weess wuel ganz gutt, op wat een sech bei Elden Ring aléisst. Fir all déi aner: ze behaapten, d'Spill wier schwéier, ass ënnerdriwwen.

Wat hei awer den Ënnerscheed ass, ass d'Mëschung aus dem klassesche Kampf-Format, dat soss ëmmer relativ linear war an deels frustrant fir nei Spiller ass, an d'Open Map, déi vun der Mechanik hier extrem staark un de System vu Breath of the Wild funktionéiert, eppes dat och scho vill aner Fans ervirgestrach hunn. Ma wéi sech erausstellt, ass dëst eng fantastesch gutt Mëschung, déi den Entwécklerstudio "From Software" hei ëmgesat huet.

Dobäi kënnt och nach d'Story, déi zu engem Deel vum George R.R. Martin extra fir d'Spill geschriwwe gouf. D'Erwaardunge waren also vun Ufank un héich, ma déi goufe menger Meenung no absolut nach eemol iwwertraff.

De Prinzip vun Elden Ring gläicht ufanks dem selwechte wéi deem vun Dark Souls a Co.: Et fänkt een als schwaache Personnage un a probéiert no an no méi staark ze ginn an d'Welt z'erueweren. Dobäi probéiert een d'Stécker vum zerstéierten Elden Ring ze fannen an se de Besëtzer, mächtege Bossen a Kreaturen ofzehuelen, fir da schlussendlech den Elden Lord ze ginn. Kléngt alles schéine a gutt, ma déi praktesch Ëmsetzung bedeit awer vill Spillstonnen an Training.

RTL

Direkt vir eraus: Ween d'Spiller vu From Software kennt, dee weess, dass d'Spiller vum Schwieregkeetsgrad knallhaart sinn. Dat ass net op e schlechte Balancing zeréckzeféieren, mä ass zentrale Punkt a Sënn an Zweck vun dëse Spiller a mécht dës Titelen och zu enger ganz eegener Kategorie u Spiller. Wien net gewëllt ass, sech iwwert einfach Button-Mashing ewechzesetzen an ze üben fir besser ze ginn, dee sollt eventuell d'Fanger vum Spill loossen. Et brauch ee virun allem Gedold an et dierf een net vergiessen, dass stierwen en Deel vun dësem Spill ass. Traning, Gedold an Disziplin sinn hei deels an héijem Mooss gefuerdert, Fans vun Dark Souls a Co wëssen dat natierlech a fuerderen dat och kloer vun de Spiller vu "From Software".

Fir déi, déi es awer sat hunn mam Meme ""git gud" ofgespeist ze ginn, wann ee frustréiert bei hire Virgänger souz, fir déi dierft Elden Ring wuel eng kleng Erliichterung sinn. D'Betounung läit op "kleng", well d'Spill natierlech ëmmer nach méi wéi just gepeffert ass. Obwuel d'Spill an de Kampfsystem op den éischte Bléck Dark Souls oder Darksouls staark gläicht, ginn et bei Elden Ring awer ganz kloer nei Elementer, dat et bedeitend méi zougänglech fir nei Spiller mécht.

Et fillt sech alles vill méi flësseg un, virun allem op der PS5 oder natierlech um PC, d'Grafik ass wéi gewinnt beim Entwécklerstudio nees absolut gelongen. Dobäi kënnt, dass een elo sprangen an sech bécke kann, komplett nei Elementer, dat natierlech fir méi Mobilitéit suergt an am Kampfmodus vill hëllefe kann. Dobäi kommen och eng Abberzuel un Items an och d'Méiglechkeet seng Stats spéider am Spill ëmzeänneren, soll een sech fir eng aner Entwécklung vu sengem Charakter decidéieren. Och mam vereinfachte Koop-System a mam Asetze vu Summonings, huet ee probéiert, de Spiller punkto Schwieregkeetsgrad ënnert d'Äerm ze gräifen, och wann d'Spill ëmmer nach extrem schwéier ass, ma et kann een sech awer hëllefen, et bestinn vill méi Optiounen, fir sech duerch d'Welt ze schloen. En plus, kann een sech an der Open-World-Mode vir méi Weeër a Strategien decidéieren, sou dass een sech do kloer méi kontrolléiert sengem Level kann upassen.

RTL

Et ass dann och derwäert e Wuert iwwert d'Map am Spill ze verléieren, dat virun allem wéinst der Gréisst an dem onfaassbar ville Contenu, deen d'Entwéckler hei verschafft hunn. A wéi gesot, ass d'Welt net nëmme gigantesch vast, ma se ass och wierklech oppen, et kann een also hireesen wou ee wëll, och wann ee vum Spill ëmmer en Haaptwee virgeschloe kritt. Drun hale muss een sech awer op kee Fall. Wann een also bei engem Dungeon oder engem Boss hänkt, deen een einfach net packt, geet een einfach enzwousch anescht, levelt sech selwer a seng Waffen op oder organiséiert sech nei Objeten, déi engem d'Aufgaben vereinfachen, a geet spéider nach eemol zeréck.

Ech ginn et zou, ufanks hunn ech geduecht, ech géif aus Frust d'Manett relativ séier an den Eck geheien an d'Spill iergendwann ofschreiwen. Ma genee de Géigendeel ass erstaunlecherweis no kuerzer Zäit geschitt... Et ass einfach extrem erfëllent, dës düster an dach fantastesch Welt vun Elden Ring z'entdecken, nei Elementer kennenzeléieren an einfach ëmmer besser a méi staark ze ginn. Och wann et extrem schwéier an deelweis souguer frustrant ka sinn, virun allem am Ufank, ass et ëm sou méi befriddegend, wann een dann endlech de Boss packt, op deem ee sech laang virbereet huet a Stonne laang probéiert en ze bezwéngen.

Dobäi kënnt dann och, dass d'Map extrem voll gepaakt ass mat NPC'en déi engem Niewequests ginn, Händler, tonne verschidde Géigner, Dungeons oder einfach nëmme fantastesch Landschaftsbiller. D'Gréisst vum Spill huet souguer d'Fans iwwerrascht, déi net mat sou engem gigantesche Contenue gerechent haten. An dës Map muss een och net zu Fouss maachen, et huet ee säi Geeschter-Päerd Torrent dobäi, dat ee méi séier vun enger Plaz op déi aner bréngt, oder et benotzt een d'Fast-Travel-Optioun, déi et wéi gewinnt bei engem Open-World-Spill och hei gëtt.

Ze ernimme wier dann och nach eemol Grafik, déi wierklech och hei keng Wënsch oppe léisst, a perfekt zum Spill passt an och dem Style vu "From Software"-Spiller passt. D'Beweegunge vun de Géigner an den Design vun der Landschaft sinn einfach praktesch bis an d'Perfektioun ausgeschafft ginn, sou dass et eleng fir d'An schonn e Genoss ass, d'Welt z'erfuerschen.

From Software huet et mat Elden Ring fäerdeg bruecht, aus enger Niche-Spill-Franchise e Spill ze kreéieren, dat och fir de gréissere Public gemaach ass, ouni awer déi richteg Fans z'enttäuschen, ma genee senger Linn trei ze bleiwen. Am Géigendeel, et schéngt souguer sou, wéi wa béid Fraktiounen gläichermoossen zefridde bis begeeschtert vum Spill sinn, e Balance-Akt, dee vill Studioen net méi fäerdeg bréngen, nodeems se sech bei hire Fans oder beim Grand-Public etabléiert hunn.

Genee sou sinn och ech begeeschtert, deen d'Spill elo iwwert eng Woch getest huet an einfach nëmme soe kann, dass dëst op alle Fall e Kandidat fir d'Spill vum Joer dierft sinn. Et erkennt een einfach, wéi vill Léift an Aarbecht an dëse Spiller sinn, et ass souwuel en qualitativ Leeschtung, wéi och eng quantitativ, well de Content combinéiert mat de verschiddenen Aufgaben déi een erfëlle kann einfach gigantesch ass. Wie scho Fan vun Dark Souls oder Bloodborne war, fir deen ass Elden Ring ouni Diskussioun e Muss, fir all déi aner ass et definitiv eng komplett nei Erfarung, déi elo duerch eng Open-Map-Philosophie vill méi zougänglech dierft sinn, och wann et kloer een vun den usprochsvollste Spiller dierft bleiwen.

Vu mir gëtt et ganz kloer  e perfekte Score vun 10/10 Punkten.

From Software huet sech mat Elden Ring selwer iwwertraff a sech getraut, hire Spillprinzip mat der Open-World ze kombinéieren. De Produit léisst sech méi wéi weisen, Elden Ring versprécht Stonnen u Spillspaass an enger atmosphärescher Welt déi senges Gläiche sicht. Laanscht dësen Titel kënnt een dëst Joer an der Gaming-Welt wuel kaum.

Eraus komm ass den Action-RPG fir Playstation 4, Playstation 5, Xbox One, Xbox Series X an S an natierlech fir de PC.