EU-Beweegung wëll Videospiller virum Verschwanne retten

D'Initiativ "Stop Killing Games", respektiv "Stop Destroying Videogames" gouf schonn am Joer 2024 an d'Liewe geruff, dat initial vum Youtuber Ross Scott.
De Grond war d'Decisioun vun Ubisoft, fir d'Servere vum Autospill "The Crew" offline ze huelen. De Problem: D'Spill wier sou praktesch net méi spillbar sinn, obwuel d'Leit fir d'Spill bezuelt hunn.
Generell ass d'Fro opkomm, ob dem Konsument e Spill, fir dat en deier bezilt, wierklech nach gehéiert, oder just d'Rechter um Spill keeft, eng Lizenz souzesoen, bis eben de Publisher decidéiert, d'Spill net méi online z'alimentéieren. Also den Doud vu ville Spiller hautdesdaags. An dëst ass leider batter Realitéit an dacks de Modus-Operandi bei Spiller, déi op engem Online-Mode baséieren. Experten ginn och dovunner aus, dass un dëser Method, déi sech an der Videospill-Industrie an de leschte Joren etabléiert huet an och rechtlech ofgeséchert ass, och eng EU-Kommissioun net sou einfach a séier eppes ännere kann.
Mëttlerweil huet déi entspriechend EU-Petitioun, fir eben esou e Stierwe vu Spiller ze verhënneren, déi néideg 1 Millioun Ënnerschrëften erreecht (Stand 28. Juli: 1.436.226), fir dass de Sujet vun der EU-Kommissioun muss thematiséiert ginn.
D'Petitioun leeft nach bis den 31. Juli. A wéi wäit et zu enger Ausernanersetzung am Europaparlament kéint kommen, ob et souguer zu entspriechende Gesetzer kënnt, déi Entwéckler méi dozou verflichten, hier Spiller z'alimentéieren, bleift ofzewaarden an ass nach komplett onkloer.