Mat Hëllef vu Videospiller Spende sammele fir de gudden Zweck

© videogames.lu
Vum 15. bis de 17. August 2025 gëtt nees fir de gudden Zweck gezockt a gestreamt. Dëst huet scho quasi Traditioun, déi éischt Editioun war am Joer 2019.
3 Deeg laang gëtt um "Savepoint Charity-Stream" Geld gesammelt, fir de gudden Zweck. En Revanche kréien d'Leit dann och eppes gebueden, nämlech e Livestream op deem 3 Deeg ouni gréisser Paus gezockt gëtt. D'Konzept gëtt et elo schonn e puer Joer a schéngt gutt bei de Leit ukommen. En änlech d'Konzept mam Numm AGDQ oder SGDQ gëtt et och an den USA, hei gi meeschtens Videospiller séier duerchgespillt (Speedrun) a Leit kënne wärend deem spenden. Hei ass et ganz normal, dass hei iwwert e puer Deeg e puer Milliounen Dollar zesummekommen.
Bei "Savepoint Charity-Stream", also souzesoen der Lëtzebuerger Versioun dovunner, geet den Erléis dës Kéier un de Plooschter Projet. Iwwerdroe gëtt de Stream wéi ëmmer iwwer Twitch. Weider Infoen gëtt et beim Organisateur videogames.lu.
D'Organisateuren erhoffe sech dann och nees dëst Joer, dass d'Gaming-Community sech zesummendeet an eng grouss Zuel u Spectateuren op Twitch zesummekënnt, fir esou e Maximum e Spenden ze generéieren.
Lass geet de Livestream op Twitch e Freideg 15. August um 18 Auer an dauert bis e Sonndeg de 17. August 18 Auer. Weider Detailer ginn et och am Communiqué vu videogames.lu.

Weider Informatiounen iwwert d'Organisateuren an den Event selwer
De Savepoint Charity-Stream
videogames.lu a.s.b.l organiséiert zënter 2019 all Joer e Videospill-Live Stream, bei deem iwwer 3 Deeg Sue fir e gudden Zweck gesammelt ginn. Op der Streaming-Plattform Twitch ka jiddereen nokucken, wéi d‘Memberen a Partnerveräiner viru lafender Kamera divers Videospiller spillen a mat den Zuschauer schwätzen.
Am Live-Stream gi virun allem lëschteg Multiplayer-Games gespillt, wéi zum Beispill „Mario Party“, „Goat Simulator“ oder „Mario Kart”. Awer och d’Frënn vun de Fighting Games kommen op hir Käschten. Ausserdeem ginn och Party-Spiller gespillt, bei deenen d‘Zuschauer souguer matmache kënnen, wéi zum Beispill „Gartic Phone“ oder „Jackbox Party“. Dat flott u Videospiller ass nämlech, dass se Leit zesummebréngen, an dass een zesummen Erfarunge maache kann.
All Joer sicht videogames.lu eng aner Organisatioun eraus, déi se gäre mat de Spenden ënnerstëtze wëllen. An der Vergaangenheet goufe schonn en Déierenasyl, Digital Inclusion, Médecins du Monde, d’Aide aux Enfants Handicapés et Défavorisés de Luxembourg a Sauvons Bambi Luxembourg ënnerstëtzt. Dëst Joer ginn d’Spenden un de Plooschter Projet a.s.b.l.
Plooschter Projet a.s.b.l.
De Plooschter Projet mécht reegelméisseg Sensibiliséierungs- a Registréierungsaktioune fir méi Leit iwwer Bluttkriibs opzeklären a si dozou ze beweegen, sech als Stammzellespender ze registréieren.
2018 an 2022 huet de Plooschter Projet d‘Sensibiliséierungscampagnë „Gitt Stammzellespender – rett e Liewen“ an „De Kampf géint Leukemie ass en Ekippesport“ lancéiert. Des Campagnen informéieren de lëtzebuergesche Public iwwer d’Stammzellespend.
Säit der Grënnung vum Plooschter Projet 2014 hunn sech iwwer 15‘000 Leit op enger vun eisen Aktiounen als Spender registréiert an 96 (Stand 14.03.25) hunn och Stammzelle gespent an domat engem Patient d‘Chance op en neit Liewe ginn, mindestens 34 vun hinnen hunn sech bei eis régistreiert. De Plooschter Projet mécht iwwer 40 Aktiounen am Joer. D’Aktivitéit vum Plooschter Projet huet d’Unzuel vun de registréierte Spender zu Lëtzebuerg drastesch erhéicht.
Den Organisator: videogames.lu a.s.b.l.
videogames.lu organiséiert haaptsächlech säit 2013 hir sougenannt „GamingCafé“ Events. Hei ass jidderee wëllkomm fir an engem soziale Kader zesumme Videospiller a Boardgames ze spillen, a bei engem gudde Maufel zesummen ze schwätzen. Nämlech ass d’Zil vun den Events, Leit vun hirem Ecran doheem fort ze kréien an ënner d’Leit ze bréngen. Soumat wëll een de Stigma vum Gamer briechen, deen asozial eleng doheem sëtze géif.