LEGO-Game-Boy soll Kandheetserënnerungen nees an d'Stuff bréngen

© The LEGO Group / Nintendo
All Joers op en Neits bréngt LEGO an Zesummenaarbecht mat Nintendo fir d'Fans vun de beléifte Blechschléier Mario a Luigi e grousse LEGO-Set op de Marché.
Schonns am Januar 2025 hat Nintendo d'Zesummenaarbecht mat LEGO ugekënnegt a gesot, datt béid Entreprisen un enger LEGO-Versioun vum Game Boy schaffe géingen. Gutt siwe Méint méi spéit huet Nintendo dann déi éischt Fotoen an Informatiounen zum LEGO-Set bekannt ginn.
Esou soll de LEGO-Game-Boy den 1. Oktober 2025 an d'Butteker uechtert d'Welt kommen. Dobäi kënne sech d'Fans vun Nintendo a LEGO de Game Boy an der Klemmbaustengvariant fir knapps 60 Euro kafen. De LEGO-Set huet am Ganze 421 Stécker an ass domadder éischter e méi klenge Set.
Nieft dem Game Boy kënnen d'Fans, déi sech de Set zouleeën, och nach zwee Game-Boy-Cartridgen nobauen. Dobäi handelt et sech ëm d'Spiller Super Mario Land an The Legend of Zelda: Link's Awakening. Doriwwer eraus sinn am Set och nach dräi Bildschiermschoner, déi ee sech als Bildschierm a säi Game Boy asetze kann, enthalen. Dës wieren de klassesche Startbildschierm vum Game Boy, ee Level aus dem Spill Super Mario Land souwéi een Deel vun der Welt aus dem Spill The Legend of Zelda: Link's Awakening.
Den Ament kann ee sech de LEGO-Game-Boy um offizielle LEGO-Site virbestellen. De Link, fir sech dësen zouzeleeën, fannt Dir hei.
Wéi de LEGO-Game-Boy genee ausgesäit, gesitt Dir, wann Dir Iech d'Biller an eiser Fotosgalerie ukuckt.
Wat sot dir zum LEGO-Game-Boy? Gefält de Set Iech a wäert Dir Iech de Set kafen? Loosst eis Är Meenung mat engem Kommentar wëssen.