Gamescom - 6 Stonne waarden, fir 20 Minutten ze spillen?
Zënter 2009 ginn sech traditionell am August Gaming Fans Rendezvous zu Köln.
Wien op der Gamescom war, hat leider net d’Chance, alles ze probéieren, well net just mat der Gréisst vun der Ausstellungsfläch oder den Exposanten huet d’Foire Rekorder gebrach, mä och mat de Visiteuren, déi de Wee an d’Koelnmesse fonnt hu. Plazeweis hat een also iwwer 4 Stonne Waardezäit, iert een tëscht 10 an 30 Minutten spille konnt. Wie sech wonnert, wisou also Visiteure mat Klappstill an Hockeren op Köln koumen, sollt heimat eng Äntwert hu.
Manner ustoe bei Indie-Games
Net all Spillentwéckler huet e grousse Budget an domat potentiell vill Reklamm oder Visibilitéit. Grouss Iddien hunn se awer allemol! Sou konnt ee bei Pixelrats "Kiyo - Bunny Tyranny" testen. 2D Grafik trëfft ob 3D Light-Effects. Eng Kaz (oder en Tiger - d'Entwéckler ware sech selwer net eens), ass gefaangen an enger vu Kannergerechter dominéierter Welt, versicht géint dës Tyrannei unzekämpfen a muss dobäi sëllegen Hindernisser iwwerwannen a Rätsele léisen.
Wien de Klassiker "G-Police" ob der éischter PlayStation gespillt huet, huet definitiv an der Hal 10 bei "G-Rebels" laanscht goen. No engem Klima-Desaster wou e Groussdeel vun der Welt ausradéiert gouf, gëtt de Loftraum duerch verschidde Fraktioune kontrolléiert. De Spiller klëmmt hei an d'Roll vun engem Pilot, dee Missiounen, Rennen an aner Aufgaben ofschléisst oder awer an der fräier Welt aner Skyblades, sou heeschen d'Flugobjeten am Spill, scannt, an dës bei Bedarf dann neutraliséiert.
Wien an eng Ënnerwaasserwelt andauche wëll, sollt sech "Echoes of Mora" ukucken. Hei ass d'Zil, dës Welt ze entdecken, gewëssen Hiweiser ze fannen a soumat rauszefannen, op wéi eng mysteriéis Aart a Weis dat Duerf, wat een am Waasser erfuerscht, ënner gaangen ass. Sou guidéiert een dann d'Mora, d'Protagonistin am Spill, fir säi verluerene Brudder an der Vergaangenheet erëmzefannen, duerch eben déi "Echoes" déi een op diverse Platze fënnt. Entwéckelt gëtt d'Spill vu Selkies Interactive, engem Studio gegrënnt vun 3 jonken Dammen, déi op der Uni zu Berlin grad hiren Master an der Spill-Entwécklung absolvéieren. Aktuell forméieren si zu 6 een "all-female Team" wéi si sech ob hirer Websäit bezeechnen.
E weidert Indie-Spill mat Waasserwelt ass "Aquapark Tycoon". Dës Kéier awer versicht ee keng Rätsel ze léisen, mä am Spill vu Boxelware ass ee Meeschter iwwer seng eege kleng Erliefniswelt. Inspiréiert vu "Rollercoaster Tycoon" geréiert een e Waasserpark, baut Saunaen, designt Waasserrutschen a muss dofir suergen, dass den Alldag a sengem Park funktionéiert, dëse propper ass, an am Fall vun Accidenter och séier een Haus- oder Schwammmeeschter sur Place ass.
Extraction Fans vun "Escape from Tarkov", awer och déi di deen Genre net sou gudd fannen opgepasst! "Escape from Duckov" bidd Iech en änlecht Erliefnis, an enger isometrescher Perspektiv mat méi verspilltem Design, wou dir als Int versicht e Maximum u Loot ze ergatteren, iert et un d'Extraction geet.

Fazit: Et gouf genuch ze gesinn an och Alternativ-Programm!
D'Gamescom ass definitiv e Besuch wäert, et sollt ee sech awer viru senger Visitt informéieren, wat et alles ze teste gëtt an dann e Plang maachen. Am Laf vum Dag ginn d'Schlaange mi grouss, a souguer zäitweis zougemaach, dofir léiwer zwee oder souguer dräi Deeg goen, seng Top-Spiller auswielen a mueres direkt bei eent dovun ustelle goen. Sou ass ee relativ séier um Tour an huet eventuell nach d'Méiglechkeet eng weider Ronn anzwousch anescht ze spillen, mat wesentlech manner Waardezäit wéi mëttes.
Wiem d'Schlaangen dann ze laang si, ka wéi schonn erwäänt an d'Indie-Arena oder de Retro Beräich goen, a wiem och dat näischt seet, kann einfach eng vun deenen sëllege Shows, déi et verdeelt an den Hale gëtt, genéissen. Hei fléien och mol T-Shirts, Schlësselunhänger oder souguer Kopfhörer oder aner Hardware als Goodies ronderëm.
Weider z'entdecken wieren och déi vill Cosplayer, déi hire Liiblingscharakteren aus de Spiller oder Filmer vill Zäit a Léift widmen, an e Kostüm mat vill Handaarbecht bauen. Dës fënnt ee virun allem am "Cosplay Village" awer och verdeelt iwwer d'Foire, wou si sech an hirem Outfit präsentéieren. Wien fir eng Foto freet kritt déi och an deenen meeschten Fäll.
Op diverse Plazen si Waasserspender oder awer d'Stänn deele gesponsert Gedrénks aus. Net ze vergiesse bei deenen ville Kilometer, déi een den Dag iwwer zeréckleet, virun allem am Summer. Gouf et näischt gratis, hat een natierlech genuch Plazen, fir sech Iessen a Gedrénks ze kafen. Iwwer d'Präisser hei léisst sech diskutéieren. E klenge Snack oder Picknick am Rucksak dobäi hu, ass definitiv net verkéiert.
Des Weideren bitt d'Gamescom och Merchandise un, sief et vun der Foire selwer, oder ebe vun de verschiddenen Universen, déi et an der Gaming-Welt ginn. Egal ob Sammelkaarte vun "Yu-Gi-Oh", "Pokémon" oder "Magic", Sammelfiguren, Liichtschwäerter oder Masken. Och Kleedungsstécker wéi T-Shirt oder Hitt konnt een hei fannen.
D'Gamescom ass souvill méi, wéi just dohi goen, ustoen an ee Spill spillen. Präparatioun ass alles.