Gamescom: Grouss Videospill Foire lackelt dës Woch nees op Köln

© Photo by KADIR ILBOGA / ANADOLU / Anadolu via AFP
Wéi all Joer versammelt sech d'Videospill-Industrie um Enn vum Summer zu Köln fir d'Gamescom – déi weltwäit gréisste Foire fir Videospiller.
Déi global Videospill-Industrie trëfft sech dës Woch op der grousser 'Gamescom' Foire zu Köln, dat an der Hoffnung, datt héich-erwaarte Spiller wéi GTA VI der Branche aus hirem Lach eraushëllefen.
Op der Ouverture en Dënschdegowend ginn dann och direkt eng Rei nei Spiller, déi an de kommende Méint erauskommen, virgestallt – dorënner och Black Ops 7, dat neiste Kapitel aus der Call of Duty–Saga.
Bis e Sonndeg gi sech zéngdausende Visiteuren erwaart, déi duerch d'Halen zéien, fir déi nei Spiller ze testen. D'lescht Joer hat d'Foire net manner wéi 335.000 Leit op Köln gelackelt.
Nodeems Nintendo d'lescht Joer gepasst hat, ass een 2025 nees dobäi a profitéiert vun de Rekord-Verkafszuele vun der Switch 2. Microsoft wäert seng nei portabel Xbox-Hardware weisen, déi Enn vum Joer erauskomme soll.
Sony, d'japanesch Firma hannert der PlayStation, verzicht dëst Joer op eng Presenz op der Foire.
D'Stëmmung insgesamt ass gemëscht ënnert de ronn 1.500 Aussteller. Grouss Entwéckler hunn zwar nees Profitter gemaach, awer déi massiv Entloossungen aus de leschten zwee Joren daueren un.