Smart 10 gëtt et elo an der Lëtzebuerg-Editioun

© Ludolux
2017 koum d'Spill op de Maart an ass direkt en Hit an der Brietspill-Welt ginn. Elo huet Ludolux d'Spill mat Froen iwwer Lëtzebuerg erausbruecht.
D'Reegele vum Spill sinn denkbar einfach. Et kritt een eng Fro gestallt an d'Spiller mussen dann, dat Rei no, mat richteg oder falsch, respektiv mat verschiddene Begrëffer déi richteg Äntwerte ginn a Punkte maachen. Net nëmmen ass hei Wësse gefrot, ma och Taktik spillt deelweis eng Roll. Ëmmer méi "einfach" Äntwerte falen ewech, an et gëtt dann natierlech ëmmer méi schwiereg, déi richteg Äntwert ze fannen.
Hei de richtege Moment ze fanne fir opzehalen, also seng Punkten ze halen an op Nummer sécher ze spillen oder ze pokeren an sou méi Punkten ze sammelen, ass dat wat de Reiz vum Spill wuel ausmécht. Gëtt een nämlech eng falsch Äntwert ass een net nëmmen eraus fir déi ronn beim roden, ma et verléiert een och all seng Punkten, déi een an der Ronn gesammelt hat an et muss een op déi nächst Fro waarden.
D'Spill ass dohier net nëmme perfekt als Game-Show op der Tëlee, wéi den ORF et zënter 2022 beweist, ma et ass och predestinéiert, fir weider Erweiderungen erauszebréngen, mat ëmmer nees neien allgemenge Froen an natierlech och spezifeschen Theemen, wéi Musek oder Natur, respektiv och Junior- oder Familljen-Editiounen.
Zënter dësem Weekend gëtt et dann och elo eng speziell Lëtzebuerg-Editioun vu Smart 10, erausbruecht vu Ludolux. Net nëmmen dréie sech alleguerten d'Froen ausschliisslech iwwert d'Theemen iwwert an aus dem Grand-Duché, ma d'Spill ass och komplett op Lëtzebuergesch, souwuel d'Froen an Äntwerten, wéi och d'Reegelen.
Dobäi kënnt d'Spill natierlech a sengem gewinnten Design, also mat enger kompakter Këscht an där d'Froe-Kaarten, déi béidsäiteg bedréckt sinn, alleguerten erapassen an zäitgläich och déi iewescht Fro siichtbar mécht fir déi aktuell Ronn, wéi och d'Äntwerten uweist, déi mat wäisse Däppercher verdeckt ginn an als Punkte stinn, sollt een d'Äntwert drënner richteg hunn. Hei ass natierlech besonnesch, dass d'Këscht speziell fir dës Editioun an de rout-wäiss-bloe Faarwen gehalen ass. Wéi gewinnt, kann een Smart 10 och hei mat bis zu 8 Spiller spillen. Inclus sinn 200 Froen an 2.000 Äntwerten, also 10 Äntwerte pro Fro.
Gewannt d'Spill "Smart 10 (Lëtzebuerg Edition)" fir selwer doheem ze roden!
Wann och Dir beweise wëllt, wéi gutt dir Iech am a mam Grand-Duché auskennt, da probéiert äert Gléck an eisem Quiz.
Vun den 10 méiglechen Äntwerten sinn der 7 richteg, 3 falsch. Fannt eraus wéi eng richteg sinn a gewannt mat e wéineg Chance déi lëtzebuergesch Editioun vu Smart 10. Mir verspillen d'Spill nämlech 1x op RTL.lu!