
Nei Playstation-Spiller solle vu Januar 2028 nëmmen nach an digitale Formater verëffentlech ginn. D'Produktioun vu "physesche Spiller-Diske fir all nei Spiller op Playstation-Konsolen" géing "vu Januar 2028 komplett gestoppt ginn", huet de japanesche Sony-Konzern e Mëttwoch op hirem Blog matgedeelt.
D'Entreprise huet de Schrëtt mat "Virléifte vun de Verbraucher an der ganzer Ënnerhalungsindustrie", déi sech geännert hunn, begrënnt.
D'Enn vum physesche Format fir nei Spiller hätt awer keng Auswierkungen op déi, "déi scho viru Januar 2028 am physesche Format verëffentlech goufen oder nach verëffentlech ginn", betount Sony nach.