E klenge Blechschléier eruewert d'Welt

© Pixabay
Viru genee 40 Joer kënnt a Japan d'Spill "Super Mario Bros." eraus. Et sollt den Optakt si vun enger Saga, déi bis haut weidergeschriwwe gëtt.
Säin alleréischten Optrëtt huet de Mario 1981 am Spill "Donkey Kong". Do heescht en nach "Jumpman". 1983 gëtt de klenge Männche mat der bloer Salopett gedeeft, a kritt mat "Mario Bros." en eegent Spill an de Luna Parke vun dëser Welt. Ugangs ass hien en Zammermann, a gëtt réischt spéider zum Blechschléier. Fir dat Spill gëtt och säin Zwillingsbrudder Luigi geschafen.
A Japan kënnt den 13. September 1985 d'Spill "Super Mario Bros." fir d'Famicom-Konsol eraus, déi spéider um internationale Marché Nintendo Entertainment System (NES) genannt wäert ginn. Souwuel d'Konsol, wéi och d'Spill gëllen haut als Meilesteen vun der fréier Videospill-Geschicht. An Europa gëtt d'Spill zwee Joer méi spéit lancéiert. Déi faarweg Aventurë vum Mario ginn an der Suite zum generelle Virbild fir den "Jump-'n'-Run"-Genre. Jidderee wëllt matspillen. Méi wéi 40 Millioune mol verkeeft sech eleng dat éischte Spill.
E glécklechen Zoufall
Ursprénglech war guer net geplangt, dass déi Figur zur Ikon vun de Videospiller sollt ginn. Dem Mario säin Ausgesinn war just esou ausgewielt ginn, well et Ressourcen um Computer gespuert huet. Seng Kap krut en zum Beispill, fir datt eng Animatioun vu sengen Hoer konnt ëmgaange ginn. De Schnauz huet en, well eng Mondpartie ze komplizéiert war fir ze realiséieren. D'Designer hu mat de wéinege Pixelen, déi se zur Verfügung haten, eng komplett a voll funktiounsfäeg Figur mussen erschafen.
Haut huet de Super Mario eng generatiounsiwwergräifend a vertraute Presenz. E ganz normalen Typ, dee bëssen an der Zäit stoe bliwwen ass. Sou wéi mir, déi eise Kanner d'Mario-Spiller kafen, fir mat hinnen ze zocken. Oder fir mat hinnen an de Kino ze goen. De Film vun 2023 huet méi wéi eng Milliard Dollar generéiert, a wäert eng Suite kréien. D'Nostalgie spillt eng grouss Roll, an Nintendo weess déi Kaart ganz gutt ze spillen, mat ëmmer neie Varianten an Aventuren. Donieft ginn et Kleederkollektiounen an aner Produite fir Kanner, Fräizäitparken, Luxusaueren a souguer Mario-Lego. D'Kou muss gestrach gi soulaang se Mëllech gëtt. An dat wäert se och weiderhin.
Widderhuelung muss net Stëllstand bedeiten
Dem Super-Blechschléier säi geeschtege Papp ass den Designer Shigeru Miyamoto, deen nach ëmmer fir Nintendo schafft. D'Spiller vun der ganzer Serie ronderëm de Mario, zu där eng 200 verschidde Versioune gehéieren, solle sech weltwäit méi wéi 400 Millioune mol verkaaft hunn. En Enn ass net a Siicht.
Kritiker geheien Nintendo vir, mam Mario ëmmer déi selwecht Gei ze spillen. Warscheinlech läit awer genee doran de Reiz. Lafen, sprangen, Mënze sammelen. Dat funktionéiert zu Tokio grad sou gutt wéi zu Marrakesch oder zu Hëpperdang. Vläicht steet Super-Mario-Spillen och fir d'Grondmuster vum Liewen: Sprangen, bäilafen, verléieren, nei ufänken, nach emol probéieren. An d'Melodie vum Spill hu mir lo och alleguer rëm am Kapp.
Happy birthday, Mario.