Team Lëtzebuerg annoncéiert d'TL Championships

© Team Lëtzebuerg
Eng vun de gréissten Nintendo-Communautéiten am Land rifft en neit Format an d'Liewen, bei deem sech d'Nintendo-Fans uechtert Land matenee moosse sollen.
D'TL Championships, datt bedeit all Mount en Turnéier an engem aneren Nintendo-Spill, esou heescht et an engem Schreiwes vun Team Lëtzebuerg.
Dobäi géif et awer haaptsächlech dorëms goen, fir d'Fans vun Nintendo nees am Land zesummenzekréien a sech esou, e puer flott a spannend Owender ze erméiglechen. Nieft de flotten Amenter, kënnen d'Leit, déi motivéiert si fir op dësen Turnéieren deelzehuelen, sech och iwwert eng sëllege Präisser freeën. Deemno gëtt et pro Turnéier e Price-Pool vun am Ganze 400€ beim LeReservoir an der Stad ze gewannen, deen d'TL Championships sponsert. A wann een un engem Turnéier deelhëlt an all seng Matcher spillt, da kritt ee souguer d'office e Voucher am Wäert vu 15€ geschenkt. Mä d'Plaze si begrenzt, maximal 16 Spiller a Spillerinne kënnen un esou engem TL-Championships-Turnéier participéieren.
Turnéiere ginn an de verschiddenste Spiller geplangt. Hei gesitt Dir eng Oplëschtung vun de Spiller, déi gespillt wäerte ginn:
- Oktober 2025: Pokémon TCG Live TL Championship,
- November 2025: Pokémon TCG Pocket TL Championship,
- Januar 2026: Pokémon GO TL Championship,
- Februar 2026: Mario Kart World TL Championship,
- Mäerz 2026: Super Smash Bros. Ultimate TL Championship
Den Oflaf vun den Turnéieren ass dobäi ëmmer d'nämmlecht. Gespillt gëtt an engem Round-Robin-Format, spréch jidderee spillt géint jiddereen an engem Aller-Retour.
Wien elo Loscht huet, un den TL Championships deelzehuelen a fir mat anere Lëtzebuerger Nintendo-Fans zesummenzespille souwéi sech flott Präisser ze sécheren, dee ka sech via Mail (tlteamluxembourg@gmail.com) bei Team Lëtzebuerg umellen, respektiv sech via sozial Netzwierker bei hinne mellen.
Wie sech nach fir den éischten Turnéier umelle wëll, dee muss elo séier sinn. Den Delai fir sech fir dësen unzemellen ass den 30. September. Den Detail vun dësem fannt Dir iwwerdeems hei ugespéngelt:

© Team Lëtzebuerg