
Dat neit Videospill "Grand Theft Auto VI", dat an der Gaming-Communautéit weltwäit mat Äifer erwaart gëtt, ka vum 25. Juni u virbestallt ginn. Dat huet de Spillentwéckler Rockstar Games en Donneschdeg annoncéiert. D'Spill soll dem aktuelle Stand no den 19. November 2026 verëffentlecht ginn.
Am Virlaf gouf den Datum schonn zwee Mol offiziell no hanne verréckelt. Ursprénglech hätt et scho sollen am Hierscht 2025 op de Marché kommen, da gouf et op de 26. Mee 2026 an dann nach eemol an den November no hanne verréckelt. D'Annonce vum Virverkaf léisst d'Gaming-Fans elo awer hoffen, datt et elo tatsächlech bei deem Datum bleiwe wäert.
De Release vum leschten Deel "Grand Theft Auto V", deen zu engem vun de meescht verkaafte Spiller jeemools zielt, ass mëttlerweil 13 Joer hir.