Beim Concours Littéraire National 2016 goufen e Kanner an e Jugendbuch präméiert. An der Kategorie Jugendbuch war et en engleschen Titel den sech duerchsetze konnt: „The Venus Zone“ vum James Leader. Elo ass d‘Manuskript och als Buch publizéiert ginn. D’Bea Kneip stellt Iech et vir.

„The Venus Zone“ vum James Leader ass am Self-publishing erauskomm, a prinzipiell an alle Bicherbutteker ze fannen oder ze bestellen. Et ass schonn den drëtte Jugendroman vun dësem Auteur, den iwwregens och schonn divers Präisser fir seng Poesie gewonnen huet, dat souwuel an England wéi och an Irland.