D'Sara Hartmann huet 41 Joer, ass Mamm vun engem 8 Joer ale Meedchen, a féiert zesumme mat hirem Mann Ben en Architektebüro. An hire gutt aus gefëllte, wann net souguer iwwerfëllten, Alldag platzt ouni Virwarnung eng Diagnose eran: Leukämie. Wéi geet d'Sara domat ëm, wat bedeit et fir d'Famill, a wéi notzt se, sou den Titel vum Buch: "Die verbleibende Zeit"? Domat beschäftegt sech d'Auteure Maryse Krier an hirem neie Roman. D' Bea Kneip huet e gelies.

Die verbleibende Zeit

"Die verbleibende Zeit" vun der Maryse Krier ass bei den éditions Saint Paul erauskomm.