Dronen amplaz HebebünenUm Belval gi Fassaden aus der Loft gebotzt

Nathan Muller
Ryck Thill
D'Entreprise Acrobatica Luxembourg setzt zanter Kuerzem eng speziell Dron an, fir Fassaden ze botzen.
Um Belval gi Fassade mat enger Dron gebotzt
D'Entreprise Acrobatica Luxembourg setzt zanter Kuerzem eng speziell Dron an, fir Fassaden ze botzen.

Um Belval kënnt déi nei Technik beim Gebai Moiré an den Asaz. Besonnesch op Plazen, déi nëmme schwéier zougänglech sinn, bitt dës Method eng Alternativ zu den traditionelle Methoden.

D'Dron ass annerhallwe Meter laang a breet, weit ronn zéng Kilo a kascht 30.000 Euro. Si gëtt den Ament beim Gebai Moiré um Belval agesat. Besonnesch den Haff bannen am Gebai ass nëmme schwéier zougänglech. Mat traditionelle Methode wier et komplizéiert an deier ginn, d'Fassaden ze botzen.

"Fir d'Aarbechte mat Hebebünen duerchzeféieren, hätte mir méi wéi 10.000 Euro missten ausginn. Dat war iwwer eisem Budget", erkläert de Marc Gravier, Gestionnaire immobilier bei Inowai.

Dobäi kënnt, datt d'Fassaden am Haff mat engem empfindleche Material verkleet sinn, dat liicht beschiedegt ka ginn. Déi aner Fassaden um Gebai goufe vun Aarbechter gebotzt, déi mat Seeler geséchert sinn. Fir den Haff huet een op d'Dron zeréckgegraff.

Une vue aérienne de la cour intérieure.
Une vue aérienne de la cour intérieure.
© Domingos Oliveira

Dräi Deeg, fir den Haff ze botzen

Gesteiert gëtt d'Dron vum Vincenzo. Ier hien ufänkt, mécht hien e puer Testflich, fir d'Wiederkonditiounen an d'Technik ze kontrolléieren. Als éischt gëtt d'Fassad mat engem spezielle Botzmëttel agesprëtzt. Duerno muss de Produit awierken, iert d'Fassad mat Waasser ofgespullt gëtt. Besonnesch beim Ofsprëtze muss de Pilot präzis schaffen.

Am Ganze sinn dräi Deeg virgesinn, fir den Haff ze botzen. De Wand kann d'Aarbecht awer erschwéieren. "Haut ass et méi lëfteg. Dat mécht et méi schwéier, d'Dron stabil ze halen, besonnesch, wa se méi héich flitt", erkläert de Vincenzo.

© Nathan Muller

Eng nei Technik mat Potenzial

Acrobatica Luxembourg huet d'Dron eréischt zanter e puer Méint. D'Entreprise ass op Aarbechten a groussen Héichte spezialiséiert, bei deenen traditionell Aarbechter mat Seeler zum Asaz kommen.

D'Dron soll dës Aarbechter awer net ersetzen. "Déi nei Technik ass interessant, och wat d'Käschte fir d'Clienten ugeet. Si wäert awer ni en Aarbechter ersetzen. Béid Methode sollen sech ergänzen", erkläert de Gunkan Gezgin, Responsabele vun Acrobatica Luxembourg.

Den Asaz vun esou enger Dron muss gutt virbereet ginn. D'Pilote brauchen eng speziell Ausbildung, et mussen Autorisatiounen ugefrot ginn an och d'Wieder muss matspillen. D'Virbereedunge kënnen e puer Méint daueren.

Den Ament huet Acrobatica Luxembourg just eng Dron an zwee ausgebilte Piloten. Sollt d'Demande an Zukunft klammen, wëll d'Entreprise hir Offer ausbauen.

Back to Top
CIM LOGO