No Brand bei GleiserRetarden an Annulatiounen op Zuchstreck Stad-Waasserbëlleg-Tréier méiglech

RTL Lëtzebuerg
Nodeems den Zuchtrafic tëscht Waasserbëlleg an Tréier wéinst engem Brand bei de Gleiser zu Waasserbëlleg ënnerbrach war, gouf dësen nees opgeholl.

Wéinst engem Brand an der Géigend vun de Gleiser zu Waasserbëlleg war den Zuchtrafic op der Streckt tëscht Waasserbëlleg an Tréier den Ament a béid Richtungen ënnerbrach.

Fir d'Passagéier trotzdeem op hir Destinatiounen ze bréngen, sinn Ersatzbusser tëscht Waasserbëlleg an Tréier gefuer.

D'Ekippe vun den CFL sinn nach ëmmer op der Plaz. Den Zuchtrafic gouf awer, wéi um Site vun den CFL ze liesen ass, géint 9:30 Auer nees opgeholl. Et kann awer weiderhin zu Retarden an Annulatioune kommen.

Passagéier si gebieden, sech op der App oder um Site vun den CFL z'informéieren.

Back to Top
CIM LOGO