© RTL/Bea Kneip
Och e Steen ka laachen, glécklech, traureg oder rose sinn! De Schmunzel ass allerdéngs kee gewéinleche Steen, hie kënnt vu ganz wäit hier, aus dem Weltall.
A ville Kannerbicher ass d'Haaptfigur jo en Déier. An dem dat mir Iech haut virstellen, spillen Déieren och eng grouss Roll, am Mëttelpunkt steet awer: E Steen. An zwar kee gewéinleche Steen, nee de Schmunzel ass e Meteorit, den aus dem Weltall op d'Äerd gefall ass. An dat bescht: De Schmunzel ass lieweg! Dës ko(s)mesch Geschicht gouf vum Jhemp Hoscheit geschriwwen a vum Carlo Schneider illustréiert. D'Bea Kneip erzielt Iech méi doriwwer.
Et ass net ze gleewen: déi zwee Bëschhuesen Lappi a Malla fannen an enger Kaul en décke schwaarze Steen. Do ass de Virwëtz gestëppelt a si plange fir e mat der Hëllef vun den aneren Déieren auszegruewen. Mä och d'Mënschen hunn de Steen schonn erbléckst: de Fierschter weess dass dat do e ganz besonnesche Steen ass, nämlech e Meteorit. Wéi besonnesch, dat entdeckt eréischt den Uhu, den erbäigeflunn kënnt fir en sech méi genee unzekucken: En ass lieweg, huet 2 Aen an e Mond a ka souguer schmunzelen! Sou eppes wéi e Smiley! A grad wéi en Emoji op engem Telefon kuckt hien emol frou, dann nees traureg, rosen oder fäertereg. Dann ass hien net méi de Schmunzel, mä de Granzi, de Fäerti oder den Häppi an hie weist seng Gefiller ganz kloer
D'Déieren aus dem Bësch hunn den Neien direkt an d'Häerz geschloss a wëllen dass hie bei hinne bleift. De Fierschter huet allerdéngs ganz aner Iddien. Zesumme mat engem Astrophysiker, dem Här Torsa, wëll hien de Schmunzel op a Camion lueden a mathuelen fir dee wäertvolle Steen a Rou ënnersichen ze kënnen. Domat sinn d'Déieren natierlech guer net averstanen. Elo mussen si alleguer mathëllefen fir hiren neie Frënd ze retten! 
De Jhemp Hoscheit huet scho 4 Romaner an e sëlleche Kannerbicher geschriwwen. Zum Beispill "Den Eppes", d'Geschicht vun engem futtisse Spillroboter, dee schonn um Dreckstipp geland ass, bis zwee kleng Mais hie fannen an hien nees zum Liewen erwächen. D'Stéchwuert bei all senge Kannerbicher ass: Virwëtz! Nëmme wann ee virwëtzeg ass, kann een eppes entdecken, eppes Flottes, Spannendes, Witzeges oder Wichteges. Ganz wichteg bei engem Kannerbuch sinn natierlech och d'Illustratiounen, déi hei vum Carlo Schneider kommen. 
Seng Inspiratioun fir de Schmunzel huet de Jhemp Hoscheit iwwregens 2013 beim Joggen zu Esch um Gaalgebierg fonnt. Vu Spacemining huet deemools nach kee weider geschwat, haut sinn déi Refenzen ëmsou méi aktuell. Dernieft dierften eng Rëtsch méi subtil Wuertspiller och deenen erwuesse Virlieser eng Freed maachen. D'Biller vum Carlo Schneider, dee jo och scho selwer Kannerbicher geschriwwen huet, sinn den Tëppelchen um I. Keen aneren Zeechner kann esou gutt Gefiller op Déieregesiichter zauberen. Am Bësch huet de Schmunzel jo scho vill Frënn fonnt, an de Kannerzëmmeren dierften der nach eng Kéier e sëllechen dobäikommen.
"De Schmunzel" ass aus der Fieder vum Jhemp Hoscheit, mat Illustratiounen vum Carlo Schneider. D'Buch ass bei de éditions Guy Binsfeld erauskomm.
                    © Editions Guy Binsfeld
