En neie Roman vum franséischen Auteur Michel Houellebecq suergt ëmmer nees fir Opmierksamkeet  am Literaturbetrib. Dat gëllt och fir säi jéngste Wierk « Sérotonine », vun deem kuerz no sengem Erschéngen schonn 300.000 Exemplaire verkaf woren. Mä bedeit Quantitéit och Qualitéit ? Dëser Fro ass de Lucien Czuga nogaang.

Audio Buch vun der Woch: Sérotonine

Ob se elo Michel wéi a ''Plateforme'', François, wéi a ''Soumission'' oder Florent-Claude wéi a sengem jéngste Wierk ''Sérotonine'' heeschen: d’Titelhelde vu senge Romaner sinn ëmmer nees méi oder wéineg gelongen Avatare vum Auteur Michel Houellebecq. An dat wat si iwwer sech an d’Welt denken a soen, ass net grad dat, wat ee gären héiere well. Et ass nämlech eng zimlech präzis an ongeschminkten Analys vun eiser haiteger Welt a besonnesch vum haitege Frankräich, dat lues a lues mat sengen Traditiounen opraumt, aus senge Stied Akafszentren ouni Séil mécht a seng Leit, ënner anerem seng Baueren, am Stéch léisst. Dat ganzt aus der Siicht vun engem misanthropeschen Zyniker, wéi den Houellebecq gäre vu senge Kritiker an och vun esou munche vu senge Fans gesi gëtt.

An dësem Fall huet de Florent-Claude sech grad vu senger jonker japanescher Frëndin Yuzu getrennt, an dat net well si hien net nëmmen mat enger Hellewull anere Männer bedrunn huet, oder och deen een oder aneren Hond vun hire sexuellen Talenter profitéiere gelooss huet. Neen, dat alles kann hien hir nach verzeien, mä hien huet erausfonnt, datt et tëscht hinnen
net déi grouss, di éiweg Léift ass, mä datt si nëmmen drop waart, dass hie stierft, fir zréck a Japan ze fléien. Doropshin trennt hien sech vum Yuzu a fält kuerz drop an eng déif Depressioun, aus där hien nëmmen eppes ka retten : de Captorix, en nei entwéckelt Antidepressiva, dat mat dem Hormon Serotonin schafft. Captorix huet awer eng entscheedend Niewewierkung : et mécht impotent.

Mä dat passt dem Florent-Claude an de Krom, well hien huet mëttlerweil mat allem Sexuellen ofgeschloss a leeft engem  verzweiwelte Romantismus no, dee vu senger fréierer an eenzeger Léift Camille verkierpert gëtt. Gläichzäiteg erlieft hien
den Néiergank vun der franséischer Landwirtschaft an der Persoun vu sengem Frënd Aymeric, deen als Mëllechbauer senger Hänn kee Rot méi weess, an aus Verzweiwlung op d’Barrikade klëmmt…

Alleguer dem Houellebecq seng Romaner sinn eng batterbéis Ofrechnung mat allem, wat zu deem Moment, wou se
erauskommen, an der Welt schif leeft.  Mä déi Ofrechnung ass ni déprimant, mä ëmmer extrem witzeg, an dëst Buch ass dat bis elo witzegst vun allen. Net nëmmen duerch dee sarkasteschen Ënnertoun, mä och duerch déi onmoosseg vill kleng ironesch, satiresch an extrem treffend Beschreiwunge vun senger Ëmwelt, enger Ëmwelt, déi ëmmer méi d’Baach erofgeet duerch dem Mënsch seng Schold. A wann déi viregt Wierker éischter en nihilisteschen Ausbléck op eis Zukunft bidden, léisst den Houellebecq am ''Sérotonine'' dach eng kleng Hannerdierchen op fir dat eenzegt, dat eis Welt rette kann : d’Léift!

''Sérotonine'' ass op Franséisch bei Flammarion erauskomm