
D’Linn “Câble” C1 verbënnt op enger Streck vu 4,5 Kilometer déi sougenannte Banlieuë mam ëffentleche Paräisser Verkéiersreseau. Fir d’Awunner vum Departement Val-de-Marne wier d’Seelbunn “en Zeeche vu Wäertschätzung”, sou d’Presidentin vun der Region Île-de-France Valérie Pécresse bei der Aweiung. Si huet am Hibléck op dat neit Transportmëttel vun den “Alpen an der Marne” geschwat.
Um Wee bei d’Metrosstatioun Créteil féiert déi nei Seelbunn vun der Endstatioun Villeneuve-Saint-Georges iwwert d’Viruerter Limeil-Brévannes a Valenton. Domat sinn déi éischter vu Gewalt an Aarmut gepräägte südëstlech an ofgeleeë Quartiere mat d’Paräisser Metroslinn 8 ugebonnen. An déi 105 Gondele passen allkéiers 10 Persounen an All Dag sollen domat 11.000 Leit transportéiert ginn. D’Faart dauert inklusiv Tëschestoppen 18 Minutten. Et spuert een deemno net nëmmen Zäit, mä et ass och eng méi ëmweltfrëndlech Alternativ zum Auto oder Bus.
De Projet war net einfach ëmzesetzen, wéi et vun den Autoritéiten heescht. Mat 138 Milliounen Euro war en allerdéngs méi bëlleg ze realiséiere wéi eng Verlängerung vum Metro. Dëst wier och ni gebaut ginn, sou den zoustännege Regionalrot fir Verkéier, d’Käschten hätten do bei iwwer enger Milliard geleeën.
Nieft Paräis hunn awer nach sechs aner Stied a Frankräich esou eng Seelbunn, dorënner Brest an Toulouse. Déi eelste Seelbunn a Frankräich gouf 1934 zu Grenoble gebaut.