Méindeg 2te Mäerz: Déi jonk Lëtzebuerger Autorin liest aus hirem Buch, dat am Russland vum fréien 20ste Jorhonnert spillt.

D'Jenna Liberatore, 1987 zu Lëtzebuerg gebuer, schreift hir Romaner op Englesch. Si setzt hir Gechichten ëmmer och an e bestëmmten historesche Kontext. Sou spillt hire Roman "Ties that bind" (ursprünglech ënnert dem Titel "The Rose of Tralee" erauskomm) während dem ireschen Onofhängegkeetskrich. Dat Buch aus dem si e Méindeg 2te Mäerz am café littéraire Le Bovary liese wäert, heescht "The confines of Eden" a regroupéiert a senger Neiausgab eigentlech 2 Romaner, "The confines of Eden" an "A time to begin". Doran erzielt si d'Geschicht vun der jonker Ballets-Dänzerin Masha, déi an den éischte Joren vum 20ste Jorhonnert op eng Carrière als Primaballerina hofft. De Wee dohinner wäert keen einfache sinn, ëmsou méi wéi déi politesch Situatioun a Russland ëmmer méi onstabil gëtt. D'Zareräich steet kuerz virum Enn.

Kuerzbeschreiwung vum Buch:

Masha dreams of becoming the first dancer of the famed Bolshoi Ballet in Moscow. Haunted by the memory of her father’s cold-blooded murder, she is forced to face it when she moves in with her sick grandfather and meets her half-sisters.Her life is changed when her brother Sasha gets a spot in the Tsar's Life Guard and the family moves to St. Petersburg. Here, she joins Tsar Nicholas’ Imperial Ballet, abandoning her innocence and naiveté to rise up to the top. Here, Sasha falls in love with the Tsar's eldest daughter, while Masha is torn between two men.Then Masha’s past catches up with her, just as World War I unfolds and the Bolsheviks call for a revolution that will unsettle the whole country…

D'Liesung aus "The confines of Eden" ass e Méindeg den 2te Mäerz um 18h30 am café littéraire Le Bovary (1, Rue de Laroche L-1918 Lëtzebuerg). Fir sécher ze sinn, dass een eng Plaz kritt, kann een um Telefon 27 29 50 15 reservéieren.