Vun der Mamm verstouss, vum Grupp net akzeptéiertJapanesche Bëbee-Makack "Punch" beréiert d'Häerzer am Netz

Bakir Demic
Wien an de soziale Medien ënnerwee ass, ass dës Lescht mat Sécherheet net laanscht déi ergräifend Biller vum japanesche Bëbee-Af "Punch" komm.

Den Äffche koum am Juli zejoert am Ichikawa-Zoo, net wäit vun Tokio op d’Welt, gouf no senger Gebuert allerdéngs vu senger Mamm verstouss. Fir sech net eleng ze fillen, krut de “Punch” vun de Fleeger am Zoo en Ikea-Petzi a Form vun engem Orang-Utan geschenkt. Séier sinn d’Biller vum Bëbee-Af viral gaangen, an deenen hien de Petzi mat sech ronderëm schleeft a sech un e klammert, nodeems e vu senger Mamm ewechgestouss a vun den aneren Afen am Zoo harceléiert gëtt. Déi sëllege Videoen, déi de Leit reegelrecht d’Häerzer rausrappen, gi milliounemol geklickt.

Mee net just am Internet huet de Punch d’Häerzer vun den User eruewert. Honnerte vu Visiteure sinn zanterhier an den Zoo gestiermt fir den einsamen Äffche live ze gesinn. Mee et gëtt och Kritik: D’Déiereschutzorganisatioun Peta reprochéiert dem Zoo beispillsweis, bewosst näischt géint dem Punch seng Situatioun z’ënnerhuelen, fir vu senger schwéierer Situatioun ze profitéieren.

Dem Punch seng traureg Geschicht hat awer nach en aneren Effekt: Wéi et vun IKEA heescht, wier den Orang-Utan-Petzi entretemps a Japan, Südkorea an Deeler vun den USA ausverkaaft.

Ëmmerhin awer eng kleng positiv Nott: D’Déierefleeger vum Ichikawa-Zoo hu gemellt, datt de Punch sech mëttlerweil lues a lues nees an de Makacke-Grupp integréiert.

Back to Top
CIM LOGO