
De Secret Service huet e Sonndeg matgedeelt, datt hir Agenten e bewaffnete Mann erschoss hunn, nodeems dësen onerlaabt an de gesécherte Beräich vu Mar-a-Lago, der Residenz vum President Donald Trump am US-Bundesstaat Florida, agedrongen ass. “En arméierte Mann gouf dëse Moien ugeschoss an ëmbruecht vun den Agente vum Secret Service a vun der Palm Beach Police, nodeems hien onerlaabt an de gesécherte Perimeter vu Mar-a-Lago agedrongen ass”, sou e Spriecher vun der Agence op der Plattform X.
Den Donald Trump wier zum Zäitpunkt vum Virfall, dee sech géint 1.30 Auer Lokalzäit ofgespillt huet, zu Washington gewiescht, heescht et weider. Obwuel de President offiziell am Wäissen Haus wunnt, verbréngt hien dacks Weekender a Florida.
Beim presuméierten Täter handelt et sech ëm e Mann Ufank 20. Hie gouf bei der nërdlecher Paart vu Mar-a-Lago observéiert, wou hie mat enger Schroutflënt an engem Bensinnskanister soll ënnerwee gewiescht sinn, esou d’Agence an enger schrëftlecher Matdeelung.
D’Agente vum Secret Service, déi als Leifwiechter vum US-President gëllen, hunn de Mann doropshi konfrontéiert an erschoss, wéi dëse soll seng Schroutflënt op se geriicht huet. Keng US-Beamte goufen dobäi blesséiert.
Den Donald Trump ass an der Vergaangenheet scho méi wéi eng Kéier d’Zil vu versichtem Mord ginn.
Ufanks Februar ass den 59 Joer ale Ryan Routh, deen am September 2024 op engem Golfterrain a Florida en Attentat op de President geplangt hat – dat zwee Méint virun den US-Walen – zu liewenslaanger Prisongsstrof verurteelt ginn.
De geplangten Ugrëff vum Routh koum nëmmen zwee Méint no engem Attentatsversuch op de republikanesche Politiker a Pennsylvania, wou den 20 Joer ale Matthew Crooks wärend engem Walevent e puer Schëss ofginn hat an dem Trump säi rietst Ouer gesträift hat.
Bei deem Ugrëff ass deemools e Spectateur ëm d’Liewe komm. De Crooks gouf direkt vum Sécherheetspersonal erschoss; säi Motiv ass bis ewell net bekannt.