
Méi wéi 45 Fäll vu Streidereien a Stéierunge vun der Nuetsrou goufen der Police vun e Samschdegowend 22 Auer bis e Sonndeg de Moien um 8 Auer eragemellt. Konkreet goung et ëm ze haart Musek, ze haart Persounen a Wunnengen oder dem ëffentleche Raum oder och Fäll vun haislecher Gewalt.
E Samschdeg den Owend gouf beispillsweis géint 22.50 Auer eng aggressiv Persoun um Stater Boulevard Royal gemellt, déi staark alkoholiséiert war a versicht soll hunn, d’Sécherheetspersonal vu Luxtram z’attackéieren. D’Sécherheetsleit konnten d’Persoun festhalen, bis eng Patrull vun der Police op der Plaz war. Se koum no enger medezinescher Kontroll an de Passagearrest.
Kuerz no Hallefnuecht dann e Sträit tëschent enger Koppel op der Lëtzebuerger Strooss zu Jonglënster. Wéi Polizisten op d’Plaz koumen, hu si e Mann mat enger Blessur un der Hand virfonnt. Dësen hat wärend engem Sträit mat senger Partnerin d’Bäifuererschäif vun engem Auto futtigeschloen a sech dobäi blesséiert. De Beamte géigeniwwer huet hie sech dem Policebulletin no provokant a menacéierend verhalen, sou datt hien huet mussen immobiliséiert ginn. Wéi hien um Policebüro d’Handschellen ofgeholl krut, huet hien engem vun de Beamte mat der Fauscht an d’Gesiicht geschloen. Och hie koum an de Passagearrest.
Iwwerdeems gouf et e Samschdeg am Virmëtten e Fall vun haislecher Gewalt tëschent zwee Ex-Partner zu Esch. E Protokoll wéinst Coups et blessures gouf op Uerder vum Parquet erstallt.