Net fir ze laachenReen huet d'Fuesstëmmung op der 35. Schëfflenger Kavalkad erausgefuerdert

Pierre Weimerskirch
Um Sonndeg war zu Schëffleng déi 35. Editioun vun der Kavalkad, ma d'Wieder huet de Fuesboken net an d'Kaarte gespillt.

D’Participanten a Visiteuren vun der Schëfflenger Kavalkad hu sech trotz Reen d’Stëmmung net ganz huele gelooss. Fir de President vum Folklorama Schëffleng, Scott Kries, war et schéin ze gesinn, dass all d’Gruppen, déi ugemellt waren, och komm sinn. Déi faarweg Gruppen an originell Kostümer hätten op en Neits gewisen, dass d’Fuesent an d’Kavalkade fir d’Schëfflenger Veräinsliewe wichteg sinn.

Fir de Veräi Folklorama, deen d’Kavalkade organiséiert, war et eng besonnesch Editioun, well se 20 Joer feieren. An och de President Scott Kries ass elo zanter 20 Joer am Amt an huet an där Zäit d’Manifestatioun mat vill Engagement an Ausdauer gepräägt.

Nei dëst Joer war, dass no laange Joren zu Schëffleng nees eng Kapesëtzung organiséiert gouf. Dës Traditioun, déi eng Zäit laang verschwonne war, huet um Samschdegowend vill Leit zesummebruecht.

Och wann dëst Joer manner Leit do waren, bleift d’Schëfflenger Kavalkade eng Traditioun, déi fir vill Leit aus dem Duerf net méi ewechzedenken ass. A fir 2027 gouf bessert Wieder bestallt.

Schëfflenger Kavalkad
Trotz Reen war e Sonndeg gutt Stëmmung op der Schëfflenger Kavalkad.

Back to Top
CIM LOGO