E Sonndeg war et d’Suite vum 18. Spilldag am nationale Futtball-Championnat. E Samschdeg konnt sech d’Jeunesse Esch duerch e spéide Gol mat 3:2 géint de Racing behaapten.
Déifferdeng huet seng Spëtzepositioun an der Tabell duerch eng souverän 6:0-Victoire zu Rodange verdeedegt. Hannendrun huet Stroossen seng Hausaufgaben och iwwerzeegend erleedegt a setzt sech mat 4:0 zu Péiteng duerch.
Hannert deenen zwou Spëtzenekippe koum et e Sonndeg zum Topmatch tëscht Munneref a Biissen. Munneref, aktuell a bestiechender Form, setzt sech no intensive Minutte viru 631 Spectateure mat 2:1 géint Biissen duerch a steet an der Tabell elo op der 4. Plaz, punktgläich mam Géigner vun haut. Den entscheedenden Gol huet de Matias an der 76. Minutt markéiert. Biissen hätt mat e bësse mei Reussite wuel mei wéi e Gol hätte markéieren, et war ee am leschten Drëttel awer net effizient genuch. Fir déi Biissener ass et déi éischt Defaite zanter dem 24. August zejoert. A genau déi gouf et och géint Munneref.
Eng iwwerraschend Defaite gouf et fir Diddeleng. Am eegenem Stade huet e sech misse mat 1:3 géint Mamer geschloe ginn. Dobäi huet et um Ufank vum Match guer net dono ausgesinn. Diddeleng war déi spillbestëmmend Ekipp an ass och verdéngt duerch e Gol vum Delorge mat 1:0 a Féierung gaangen. An der 26. Minutt kruten d’Gäscht dunn en Eelefmeter no engem onnéidegem Foul vum Delorge zougesprach, an de Jager konnt de Score op 1:1 setzen. Kuerz virun der Paus huet Mamer ee Konter perfekt ausgespillt. De Muric huet de Score op 2:1 fir d’Gäscht erhéicht. Et ass een deemno dach iwwerraschend aus Mamer Siicht mat enger 2:1 Féierung an d’Paus gaangen. Nom Säitewiessel huet sech een änlecht Bild gewisen. Diddeleng huet gedréckt, konnt sech awer keng 100 % Chancen eraus spille. Mamer huet weider op Feeler vum Géigner gelauert. No engem Ballverloscht huet de Rapaille e weidere Konter an der 61. Minutt perfekt ausgespillt an huet fir 3:1 d’Schlussresultat gesuergt. Mamer geet deemno op Diddeleng wannen. Den F91 steet an der Tabell elo hannert Biissen a Munneref nëmmen nach op der 5. Plaz.
Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen
Jeunesse Kanech - US Hueschtert 0:0
FC Rodange - FC Déifferdeng 0:6
0:1 Bedouret (35'), 0:2 Rauch (37'), 0:3 Mfoumou (41'), 0:4 Hadji (61'), 0:5 Mfoumou (63'), 0:6 Abreu (90+3')
F91 Diddeleng - FC Mamer 1:3
1:0 Delorge (10'), 1:1 Jager (27'), 1:2 Muric (40'), 1:3 Rapaille (61')
US Munneref - Atert Biissen 2:1
1:0 Fournier (10'), 1:1 Marasi (35'), 2:1 Matias (76')
Swift Hesper - UN Käerjeng 2:1
0:1 Bellali (44'), 1:1 Bochu (49'), 2:1 Bochu (64')
Victoria Rouspert - Progrès Nidderkuer 2:1
1:0 Kyereh (12'), 2:0 Ferreira (56'), 2:1 Peugnet (88')
Union Titus Péiteng - Una Stroossen 0:4
0:1 De Souza (55'), 0:2 Sever (72'), 0:3 Perez (82'), 0:4 Romeyns (90+3`)