Vum bekannten Zeechner Axel Scheffler (De Grüffelo) illustréiert a bei Kremart éditions op Lëtzebuergesch erauskomm.

DE CORONAVIRUS – E BUCH FIR KANNER

Déi aktuell Situatioun ass esou aussergewéinlech, datt een se de Kanner net dacks genuch kann erklären. Fir datt si se verstinn a besser domat kënnen ëmgoen.

Aus deem Grond huet de klenge Lëtzebuerger Verlag Kremart Edition d’Initiativ vum klengen, onofhängege Londoner Verlag Nosy Crow opgegraff, an säi Kannerbuch iwwer DE CORONAVIRUS op Lëtzebuergesch iwwersat. Et gouf vum Axel Scheffler illustréiert, dat ass iwweregens deen, deen och “De Grüffelo” gezeechent huet (op Lëtzebuergesch erauskomm bei den Editions Guy Binsfeld).
osy Crow a Kremart Edition stellen d’Kannerbuch iwwer de Coronavirus digital gratis zur Verfügung an der Hoffnung, datt et de Kanner an den Elteren nëtzlech ka sinn. Et ass e Buch, dat erkläre wëll. Dat Äntwerten op Froe gëtt, déi sech d’Kanner stellen.

Jiddereen huet benevole matgeschafft an d’Wierk steet ënner der Creative-Commons-Lizenz CC BY-NC-ND „Attribution-NonCommercial-NoDerivatives 4.0“ (also Source nennen, netkommerziell, keng Beaarbechtung). Dir kënnt d’PDF-Fichieren also roueg deelen a benotzen.

Mir wënschen eng gutt Lektüre a BLEIFT GESOND!