D'Shortlëscht vum Prix Servais ass do!Gedichter, Theater a Romaner op Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch

RTL Lëtzebuerg
Fënnef Bicher stinn dëst Joer op der Shortlëscht vum Prix Servais.
© RTL

Pressematdeelung vun der Fondation Servais:

De Jury vun der Fondation Servais freet sech, d’Shortlëscht mat de Buchtitele fir de Prix Servais 2026 ze verëffentlechen:

Ian De Toffoli: Léa ou la Théorie des systèmes complexes. Récit. Actes Sud.

Tullio Forgiarini: Vandalium. E Stéck a fënnef Akten / Une pièce en cinq actes. éditions guy binsfeld.

Guy Helminger: Gebäude für Breitengrade. Gedichte. Elif Verlag.

Nico Helminger: Geckegen Hunneg. Sequenzen. éditions guy binsfeld.

Amélie Vrla: Enfanter une étoile qui danse. Roman. Hydre Éditions.

Mat der Shortlëscht wëll de Jury op d’Diversitéit an d’Qualitéit vun der Literaturproduktioun zu Lëtzebuerg hiweisen an esou zu der Promotioun vun de Schrëftsteller*innen an hire Wierker bei der Lieserschaft esou wéi an der medialer Ëffentlechkeet bäidroen.

Déi fënnef nominéiert Bicher ginn den 21. Abrëll am CNL virgestallt. D’Laureatin oder de Laureat vum Prix Servais 2026 gëtt Enn Abrëll annoncéiert.

Zanter 1992 zeechent de Prix Servais dat bedeitendst Buch aus dem viregte Joer aus. De Präis ass mat 7.500 Euro dotéiert a gëtt all Joer, op Virschlag vun engem onofhängege Jury, verginn.

De Jury vum Prix Servais 2026 gëtt vum Sébastian Thiltges presidéiert a besteet aus follgende Memberen: Fabienne Gilbertz, Danielle Igniti, Ludivine Jehin, Henning Marmulla, Diane Neises, Jérôme Netgen, Aimée Schultz an Tamara Sondag.

Back to Top
CIM LOGO