D'Martine Schoellen huet dës Cartoons op Lëtzebuergesch iwwersat, Dir kënnt se gratis eroflueden.

"De Grüffelo", "Den Zog" oder "D'Schmetten an d'Schmooen": déi beléifte Kannerbicher vum Autorenduo Julia Donaldson an Axel Scheffler gëtt et scho méi laang op Lëtzebuergesch, erauskomm sinn se bei den éditions Guy Binsfeld. Dat ass der Martine Schoellen ze verdanken, déi sech vill Méi gemaach huet, fir den Originaltext an eis Sprooch z'iwwerdroen. An dat huet si elo och mat de Corona-Cartoons gemaach, déi de Kanner sollen hëllefen mat der neier Situatioun eens ze ginn. Déi kann een sech gären eroflueden fir se doheem oder am Klassesall opzehänken. All déi Cartoons kann een an héijer Opléisung op der Facebook Säit vun den éditions Guy Binsfeld fannen. An nach e klenge Tipp fir Fans vu Grüffelo, Zog a Co.: Um Youtube-Kanal vum Lëtzebuerger Literaturarchiv (CNL) liest d'Martine Schoellen aus deene Bicher. Hei de Link:

© Donaldson/Scheffler Macmillan Children's Books

© Donaldson/Scheffler Macmillan Children's Books

© Donaldson/Scheffler Macmillan Children's Books